lb fr pt en
International Solidaritéit . Solidarité internationale  
28. Januar 2020

Well Gerechtegkeet keen Zoufall ass

D’Faaschtecampagne 2020 vu partage.lu: Bestellt elo Ärt Material

D’Faaschtecampagne 2020 vu partage.lu steet ënnert dem Motto “Well Gerechtegkeet keen Zoufall ass”. A sengem Schreiwes un d’Pore schreift de Patrick Godar, Administrateur-délégué, dozou: Im Anschluss an die Enzyklika Laudato Sí (2015) und die Synode für das Amazonasgebiet (2019), schlägt die Fondation Partage Luxemburg im Jahre 2020 folgendes Thema vor: “Weil Gerechtigkeit kein Zufall ist!”

„Ungerechtigkeit an irgendeinem Ort bedroht die Gerechtigkeit an jedem anderen“, sagte Martin Luther King. Ob es sich um Recht auf Land für indigene Völker im Amazonasgebiet, Recht auf Bildung in Afrika oder Frauenrechte in Indien handelt, konzentriert partage.lu dieses Jahr die Spendensammlung auf die Projekte, in denen es um Gerechtigkeit und Ökologie geht. Es handelt sich nämlich um zwei untrennbare Grundrechte die jedes Lebewesen betreffen.

Projeten an Afrika, Latäinamerika an an Asien

D’Fondatioun Partage ënnerstëtzt méi wéi 15 Entwécklungsprojeten an Afrika, Latäinamerika an an Asien. Bildung, Formatioun a Sensibilisatioun stinn dobäi am Fokus vun hire Projeten.

Am Kader vun hirer Faaschtenaktioun weise si op siwe Projeten hinn, déi eng gréisser finanziell Ënnerstëtzung brauchen:

  • D.R. Kongo: Ein neuer Impuls für die Jugend der Provinz Kasaï Central
  • Guatemala: Ein besseres Leben für die jungen Q’eqchi’ durch Agrarökologie
  • Indien: Förderung der Frauenrechte
  • Kenia: Die Abhängigkeit von der Nahrungsmittelhilfe brechen
  • Brasilien: Verteidigung der Rechte indigener Völker
  • Kamerin: Eine Hoffnung für eine Bevölkerung, die gegen AIDS kämpft
  • Ruanda: Jedes Kind hat das Recht, zur Schule zu gehen!

Fir d’Faaschtecampage bitt d’Fondatioun Material un (Affiche, Projetsflyer, Porbréifmantel...), dat via e Formulaire ka bestallt ginn.

All Informatiounen zur Campagne fannt Dir hei.

Op dëser Plaz fannt Dir och Informatiounen an d’Umeldung fir den Hope-Message 2020.

Dir kënnt d’Projete vu Fondation Partage Luxembourg ënnerstëtzen duerch en Don op de Kont CCPL LU74 1111 1261 0097 0000

www.partage.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu