lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 1. Faaschtesonndeg gouf vun Hemstel iwwerdroen
De 26. Februar gouf d’Sonndesmass vun Hemstel iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Hemstel a Frënn gesong, Dirigent war den Thomas P. Osborne, Organistin d’Libby Kramer. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Hemstel a Frënn
Dëst Joer feiert d’Chorale Sainte-Cécile Hemstel hiert 125järegt Bestoen a 50 Joer als gemëschte Chouer. Als Optakt hunn d’Sängerinnen an d‘Sänger ugeholl, zesummen mat hire Frënn vu Biwer an aus den Nopeschdierfer, eng Tëleesmass gesanglech ze gestalten, ewéi sou oft an deene leschte Joren. Dat entsprécht eigentlech hirer Uraufgab, Gottesdéngschter würdeg a mat vill Engagement an engem villsäitege Programm musikalesch ze gestalten.
Den 1. Sonndeg vun der Faaschtenzäit léisst sech vun der Versuchungsgeschicht vum Jesus aus dem Matthäusevangelium leeden. De Jesus, wéi mir alleguer, ass erausgefuerdert sech ze positionéieren vis-à-vis vun dräi fundamentale Versuchungen: esou séier ewéi méiglech ons eege Bedürfnisser befriddegen an duerfir all ons Kräften asetzen („Fast Food“, kéint ee soen) ; ons Geltung mëssbrauchen, fir Leit z’impressionéieren mat onverantwortleche Schauspillereien an ons mat falsche Sécherheeten ze schützen („Mir ka keen“) ; dëst alles am Zesummespill mat iergendwellechen onlautere Koalitiounen fir Muechtpositiounen ze eroberen (de „Faust-Komplex“).
Mir maachen ons mam Jesus op de Wee an d’Wüüst fir dem Härgott säi Wuert ze lauschteren, fir geheelt ze ginn, fir bieden ze léieren, fir Kloerheet ze schaafen : „Seigneur, avec toi nous irons au désert…“. Mir bieden : « Ravive en ton peuple, Seigneur, la soif et la faim ; rappelle à ton peuple le chemin du serviteur ».
Wärend dësem Gottesdéngscht denke mir mat Dankbarkeet un all déi Fraen a Männer, Sängerinnen a Sänger, Dirigenten, Organisten, Paschtéier a Frënn, déi de Chouer iwwer d’Joren mat villem Engagement begleet an ënnerstëtzt hunn.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | O Lamm Gottes unschuldig | Johann Pachelbel |
---|---|---|
Agangslidd | Avec toi, nous irons au désert | J. Servel / J. Gelineau |
Kyrie | Deutsche Messe 72 | Hans-Egon Prinz |
Tëschegesank | Be merciful, Lord – Ps 51 | Marty Haugen |
Akklamatioun | Lob dir, Christus, König und Erlöser | H. Rohr / Harm.: T. Osborne |
Gowelidd | Le chemin du Serviteur | M. Scouarnec / J. Akepsimas |
Sanctus | Deutsche Messe 72 | Hans-Egon Prinz |
Anamnes | Mg 360,5 | |
Agnus Dei | Lamm Gottes | Jean-Marie Kieffer (GL 205) |
Kommioun | Du Sonne der Gerechtigkeit | Satz: Oliver Spierling (GL 269) |
Schlusslidd | Il a pour nom “Miséricorde” | M.-A. Nouri / J.-P. Lécot |
Sortie | Was Gott tut, das ist wohl getan (Partita 1) | Johann Pachelbel |