lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Guedber iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 13. Oktober, um 9 Auer aus der Kierch vu Guedber iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Junglinster huet ënnert der Leedung vum Luc Nilles gesongen, op der Uergel huet de Laurent Felten begleet. Kantor war den Olivier Nilles.
Chorale Sainte-Cécile Junglinster
2019 ass geprägt vun de Festivitéiten am Kader vun eisen 100 Joer Lënster Gesank. Déi nächst Héichpunkte sinn de Concert de 26. Oktober um 19 Auer an der Lënster Kierch an d’Mass de 27. Oktober um 10:30 Auer an der Iechternacher Basilika, béides gesonge vun de Regensburger Domspatzen, an eise grousse Jubiläumsconcert op Cäciliendag, den 22. November, um 19:30 Auer am Centre Gaston Stein zu Jonglënster mat alle Gesangs- a Museksveräiner aus der Lënster Gemeng. Aktuell stinn 34 passionnéiert Sängerinnen a Sänger ënnert der Direktioun vum Luc Nilles. Wann Dir Freed a Loscht hutt an eiser Chorale ze sangen, da kontaktéiert eis Presidentin: Ferny Wagener (Tel. 787096). D’Prouwe sinn donneschdes vun 19:30 bis 21:30 Auer am Parsall zu Jonglënster (Centre Culturel, 8 rue du Village).
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Prélude improvisé | |
---|---|---|
Agangslidd | Ave spes nostra | Magnificat 884 |
Kyrie | Missa in honorem Sanctae Annae | Charles Haenni |
Gloria | Gloire à Dieu dans le ciel | Jacques Berthier (Texte: Didier Rimaud) |
Psalm | Alle Enden der Erde schauen Gottes Heil | Magnificat 149,1 |
Alleluja | Alléluia irlandais | J.P. Lecot - C. Carroll |
No der Priedegt: Uergel | Verset | Domenico Zipoli |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ons Mamm vu Lëtzebuerg | Jos. Buchholtz |
Sanctus | Missa in honorem Sanctae Annae | Charles Haenni |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa in honorem Sanctae Annae | Charles Haenni |
Kommunioun: Uergel | All‘ Communio | Domenico Zipoli |
Kommuniounslidd | Nu looss et an dir stëll ginn | Jos. Kinzé (Text: Albert Elsen) |
Schlusslidd | Ons Heemecht | Jean-Antoine Zinnen (Text: Michel Lentz) |
Sortie: Uergel | Canzona | Domenico Zipoli |
Chouer: Chorale Sainte-Cécile Junglinster
Dirigent: Luc Nilles
Organist: Laurent Felten
Kantor: Olivier Nilles
- D’Sonndesmass ass vu Biissen iwwerdroe ginn
- Um 2. Faaschtesonndeg gouf d’Mass vun Habscht iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vum Houwald iwwerdroen
- D’Sondesmass um Sonndeg vun der Epiphanie gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
- D’Mass um 2. Sonndeg vun der Ouschterzäit gouf vun Uespelt iwwerdroen