lb | fr | pt | en |
9. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 2,23-3,6
23 Et huet sech esou fonnt, datt de Jesus op engem Sabbat duerch d’Karstécker gaang ass. Ënnerwee hunn seng Jünger ugefaang, Éien ofzerappen.
24 Du soten d’Pharisäer zu him: “Kuck dach nëmmen, firwat maachen si eppes, wat um Sabbat net erlaabt ass?”
25 Dunn huet hien hinne geäntwert: "Hutt dir nach ni gelies, wat den David gemaach huet, wéi hien näischt hat an hongereg war, hien an déi, déi bei him waren,
26 a wéi hien dunn an dem Herrgott säin Haus gaang ass – et war zur Zäit vum Hohepriister Abjatar – an dat geweitent Brout giess huet, obschonns ausser de Priister keen et huet däerfen iessen, a wéi hien och deenen, déi bei him waren, däers Brout ginn huet?“27 An de Jesus sot zu hinnen:”De Sabbat ass do fir de Mënsch, an net de Mënsch fir de Sabbat.
28 Duerfir ass de Mënschejong Här a Meeschter och iwwer de Sabbat."
1 Hien ass nees an d’Synagog gaang. Do war e Mann, deen eng verkrëppelt Hand hat.
2 Si hunn de Jesus am A behal an uechtgedoen, ob hien de Mann um Sabbat heele géif, fir datt si hien ukloe kéinten.
3 Du sot hien zu deem Mann mat där verkrëppelter Hand : “Stéi op a stell dech an d’Mëtt!”
4 An zu hinne sot hien: “Ass et erlaabt, um Sabbat Guddes ze doen, oder soll ee Béises maachen? Soll ee Liewe retten oder awer doutmaachen?” Si hu kee Wuert gesot.
5 Hien huet si der Rei no voller Roserei bekuckt a war verdrësserlech wéinst hire verstengerten Häerzer. Du sot hien zum Mann: “Streck deng Hand aus!” De Mann huet se ausgestreckt, an d’Hand war geheelt.
6 Du sinn d’Pharisäer erausgaang, an si hunn sech gläich mat dem Herodes senge Leit doriwwer beroden, wéi si de Jesus ëmbrénge kéinten.