lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vum Houwald iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf op Pällemsonndeg, den 9. Abrëll aus der Kierch vum Houwald iwwerdroen. D’Chorale Sacré-Coeur Howald huet ënnert der Leedung vum Carlo Marx gesongen, op der Uergel huet de Patrick de Rond begleet.
D’Chorale Sacré-Coeur vum Houwald, gegrënnt 1949, besteet haut nach just aus 10 Leit. Mir sangen all Sonndes- a Begriefnismassen an eiser Houwalder Kierch. Véierstëmmeg fir speziell Geleeënheeten ass nëmme méiglech mat der Hëllef vu gudde Stëmmen aus anere Gesangveräiner aus eiser Gemeng. E ganz spezielle Merci gëllt do dem Mezzoforte an der Alzénger Chorale an all eise gudden an treie Leit, di ëmmer do sinn, wa se gebraucht ginn. Dirigent ass de Carlo Marx. D’Präsidentin ass d’Josée Schertz-Haupert.
(Foto: Lynn Marx)
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Improvisatioun | |
---|---|---|
Agankslidd | Singt dem König Freudenpsalmen | LD 429 |
Kyrie | Kyrie eleison | LD 128 |
Zwëschegesank | Lauda Jerusalem | LD 430 |
Credo | Credo | LD 211 |
Gowebereedung | O Haupt voll Blut und Wunden | LD 444 |
Sanctus | Heilig bist du | LD 252 |
No der Wandlung | Aujourd’hui nous célébrons Jésus Christ | LD 266 |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa Nova in Sol | G.B. Casali |
Kommiounslidd | Les Rameaux | Jean-Baptiste Fauré |
Schlusslidd | Lasst fröhlich uns singen | LD 427 |
Uergel: Sortie | Christian Rinck |
Et séngt: Chorale Sacré-Coeur Howald
Dirigent: Carlo Marx
Organist: Patrick de Rond
Solistin: Mi Hee Lentz-Pak
- D’Mass um 17. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Eeschwëller iwwerdroen
- D’Sonndesmass um 3. Sonndeg an der Ouschterzäit gouf vu Weiler-la-Tour iwwerdroen
- D’Mass vum 2. Oktavsonndeg gouf den 2. Mee aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun der Giischterklaus iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Wëlwerdang iwwerdroen