lb fr pt en
Sonndesmass  
14. Abrëll 2022

Um Ouschtersonndeg gouf d’Sonndesmass vun Hueschtert (Nidderanven) iwwerdroen

D’Sonndesmass op Ouschtersonndeg gouf vun Hueschtert iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert séngt dës Mass. Dirigent ass de Jean Schumacher. Organist ass den Stefan Dorneanu. Op der Gei spillt de Ruben Dorneanu an op der Flütt de Philipp Schneider. D’Mass gëtt ausnahmsweis um 10.30 Auer als Tëleesmass live op .dok TV, RTL ZWEE an als Stream op cathol.lu iwwerdroen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile vun Hueschtert (Nidderanven)

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert ass am Joer 1873 als Männerchouer gegrënnt ginn. Ënner dem Numm « Chouergesankveräin » krut de Veräin seng éischt Statuten.
1958 ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn. De Chouer ass Member am Piusverband ginn a nennt sech « Chorale Ste Cécile Hueschtert », ass deemno e Kierchechouer.

Héichpunkte vum Veräin sinn zwee Concerts spirituels, wou den Erléis fir e gutt Wierk gespent gëtt, a feierlech Massen zu den Festdeeg
Mir sangen awer och Begriewnessmassen souwéi Hochzäitsmassen , Sonndesmass a
Wuertgottesdéngschter.

Haut besteet d’Chorale aus 26 aktive Memberen : 19 Dammen a 7 Hären.
Dirigent ass de Jean Schumacher. - Presidentin: Juliette Beffort
Organisten: Stefan Dorneanu a Kirsten Elmquist
Eis Prouwe si Mëttwochs vun 20,00 – 22,00 Auer an eisem Proufsall 6, rue Principale zu Hueschtert.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Präludium et Fuga Gottlieb Nitauff
Agangslidd Surrexit Christus Taizé
Kyrie Missa civilis Valentin Rathgeber
Gloria Paukenmesse Josef Haydn
Tëschegesank Christ ist erstanden Salzburg 1160 / 1433
Alleluja Alleluja LD 208
Credo gebied
Offertoire Exsultate justi in Domino John Williams
Sanctus Saint le Seigneur Jacques Berthier
Agnus Dei Dona nobis pacem (Heiligenmesse) Joseph Haydn
Kommioun/Uergel Kirchensonate in F Dur K244 Wolfgang Amadeus Mozart
Schlusslidd Preis dem Todes LD 458
Sortie Festnachspiel “Lobe den Herren” Emil Weidenhagen

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu