![]() ![]() |
Weltjugenddag 2016 . JMJ 2016
Léif Jonk,
déi dräi lescht Summeren hat ech d’Freed mat iech um Pilgerwee ze sinn: JMJ zu Rio, Bau vun enger Kierch an Thailand, op de Spuere vum hellege Franziskus rondrëm Assisi. Am nächste Summer invitéiert de Poopst op d’Weltjugenddeeg. Ech si bei iech bei dësem Treffen, fir zesummen am Glawen ze goen an ze wuessen. Begleed ginn ech vum Grégory Turpin, e franséische Sänger, deen äis mat senger Musek a sengem Temoignage hëlleft, eist Nodenken ze verdéiwen.
D’JMJ sinn e risegt Treffe vun dausende vu Jonken aus allen Ecke vun der Welt. Dat gëtt en onvergiesslecht Erliefnes! Ech si frou Iech erëmzegesinn. Rendez-vous a Polen fir d’JMJ 2016!
Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
Programm vun de Weltjugenddeeg
19. Juli: Depart a Richtung Polen
20. bis 24. Juli: Semaine missionnaire - Begéinung mat de Jonken aus der Diözes Breslau
25. Juli: Depart op Krakau
26. bis 31. Juli: Weltjugendeeg zu Krakau
1. August: Arrivée zu Lëtzebuerg
Thema vun de Weltjugenddeeg: “Glécklech déi, déi baarmhäerzeg sinn, well si kréie Baarmhäerzegkeet geschenkt.”
Präis vun der Rees (alles abgeraff): 500 Euro
Fir déi Interessenten, déi nëmmen op Krakau kenne kommen, besteet d’Méiglechkeet dëst am Umeldungsformulaire unzeginn. Weider Informatiounen dozou komme wann mer bis gesinn em wei vill Léit et sech handelt. De Präis vun der Méiglechkeet wäert 470 € sinn.