lb | fr | pt | en |
D’Mass um 18. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Wuelessen iwwerdroen
De 6. August gouf d’Sonndesmass vu Wuelessen iwwerdroen. Et hunn d’Chorale Wuelësser Sängerfrënn zesumme mat Leit vun der Chorale Réunie vun der Gemeng Parc Housen gesong. Dirigent war den Aloyse Keilen, op der Uergel begleet d’Dorothea Nussbaum-Zell. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Wuelesser Sängerfrënn
An den Dierfer vun der Gemeng Parc Housen guf nach ëmmer gesongen. 1983 hun Wuelësser Leit sech zesummegedin an d‘Wuelësser Sängerfrënn gegrënnt. Zeng Joër méi spéit hu mer d’Zesummenaarbécht mat den Eesber Ourdallsänger ugefong. Domadder feiere mir dëst Joër den Duebeljubiläum 40 Joër Wuelësser Sängerfrënn an 30 Joër Zesummenaarbécht mat den Eesber Ourdallsänger. Mir sin den Ament zu 10 Sänger; dorënner nach 3 vun eise Grënnungsmemberen. Am Kader vun eise Jubiläen loosse mir eis et nët huelen Iech d‘Sonndesmass vum 6. August 2023 ze sangen. Dat maache mir déi Kéier dann zesummen mat Sänger vun deenen anere Chéier aus der Gemeng Parc Housen.
Jiddereen, dee Freed um Sangen huet, ass häerzlech wëllkomm, Mëttwochs an eng vun eise Prouwen op Wuelëssen, ze kommen.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Ballo della Battaglia | Bernardo Storace |
---|---|---|
Agangslidd | Wir haben Gott zum Freunde | Bertold Engel / Johannes Lourdan |
Kyrie | Messe de Rangueil | Frère Gouzes |
Gloria | Messe de Rangueil | Frère Gouzes |
Alleluja | Deng Wierder Här | Fernand Scheller |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Tu nous a donné le pain | Théo Mertens |
Sanctus | Messe de Rangueil | Frère Gouzes |
Anamnes | Anamnèse | Stephanie Kager |
Agnus Dei | Messe de Rangueil | Frère Gouzes |
Kommiounslidd | Die Gott lieben, werden sein wie die Sonne | Peter Strauch |
Schlusslidd | Danke | Martin G. Schneider |
Uergel: Sortie | Praeludium secundi toni | Franz Anton Maichelbeck |