lb | fr | pt | en |
D’Mass um 20. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Kierchen iwwerdroen
Den 20. August gouf d’Sonndesmass vu Kierchen iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain ënnert der Leedung vum Edmond Kremer gesong, begleet op der Uergel vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
De Gesank Kierchen-Beesslek gouf den 29. Juli 1945 gegrënnt. Bal 80 Joer méi spéit engagéiere sech aktuell 8 Sänger a Sängerinnen an der Chorale Sainte-Cécile. Geprouft gëtt reegelméisseg mëttwochs owes. De Gesank gëtt vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach op der Uergel begleet an den Edmond Kremer ënnerstëtzt eis reegelméisseg als Dirigent. Nei Membere si jidderzäit häerzlech wëllkomm.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée (Uergel) | Henry’s Hornpipe | Andrew Fletcher |
---|---|---|
Agangslidd | Jubilate Canon | Donald Moore & Phillip Hayes |
Kyrie | Messe de la Réunion | Laurent Grzybowski |
Gloria | Messe de la Réunion | Laurent Grzybowski |
Alleluja | Alléluia, nous t’acclamons (Messe de la Réunion) | Laurent Grzybowski |
Credo | gëtt gebiet | |
Offertoire | Tu peux naître de nouveau | C. Bergèse & C. Fraysse |
Sanctus | Messe de la Réunion | Laurent Grzybowski |
Agnus Dei | Messe de la Réunion | Laurent Grzybowski |
Kommioun | Brot und Wein | Johannes Jourdan & Klaus Heizmann |
Schlusslidd | Groß sein lässt meine Seele den Herrn | Martin Schraufstetter |
Sortie | Toccata | Jean Jules Auguste Wiernsberger |
Gesank: Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain
Dirigent: Edmond Kremer
Organistin: Nathalie Lamberty-Brachtenbach