lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Biissen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 9. September, um 9 Auer aus der Wobiergskapell zu Biissen iwwerdroen. Fir di musikalesch Gestaltung hunn d’Sopranistin Patricia Freres an de Paschtouer Joël Santer op der Uergel verantwortlech gezeechent.
D’Patricia Freres ass eng lëtzebuergesch Sopranistin mat enger ongewéinlech, ausdrocksstaarker, emotionaler Präsenz. Ënner anerem huet si klassesche Gesank, Kammermusekgesang, Opernschoul a Gesangspädagogik, souwéi Spriecherzéiung a Schauspiel studéiert. D’Sängerin huet sech eng breed, stëmmlech a stilistesch Palett erschafft, déi vun der klassesch-romantëscher Oper iwwer daat aktuellt, experimentellt Museksthater bis zu szenesch gestalte Lidderzykle reecht. Niewent dësen szenesch-musikalesche Produktiounen huet d’Patricia Freres mat Lidder- an Arieprogrammer eng räich Concertstätegkeet entfaalt, an däer si reegelméisseg mat hierer stëmmlecher Ausdrockskraaft Publikum wéi Kritik gläichermoossen iwwerzeecht. A mat dëser Radiosmass wëll si déi Gleeweg mat hierem Gebied iwwerzeegen.
De Joël Santer ass Paschtouer vun däer neier Par „Äischdall-Helpert St-Willibrord“, zu däer och d’Uertschaft Biissen mat hierer grousser Duerfkierch an der Wobiergskapell gehéiert. Hiën huet ënner aanerem Uergelcouren besicht, war viru senger Priesterwei während véierzeng Joren Organist am Oste vum Land. Ënner sengem Impuls ass eng Idee vum fréiere Kathedralsorganist a Biisser Jong, dem Carlo Hommel realiséiert ginn, nämlech eng Päifenuergel an d’Wobiergskapell opzestellen. Dës Uergel ass am Joer 2010 vun der Firma Westenfelder realiséiert ginn a beräichert dat kulturellt a spirituellt Liewen vun der Uertschaft Biissen.
Vill Freed beim Nolauschteren a Matfeieren!
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Uergelimprovisatioun | |
---|---|---|
Agangslidd | Wohin soll ich mich wenden (Strophen 1, 2 + 4) | Franz Schubert |
Kyrie | gëtt gebiet | |
Gloria | Ehre , Ehre sei Gott in der Höhe (2 Strophen) | Franz Schubert |
Alleluja | Noch lag die Schöpfung formlos da | Franz Schubert |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Du gabst, o Herr, mit Sein und Leben | Franz Schubert |
Sanctus | Heilig, heilig, heilig! Heilig ist der Herr! | Franz Schubert |
Anamnèse | Betrachtend Deine Huld und Güte | Franz Schubert |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Mein Heiland, Herr und Meister | Franz Schubert |
Kommunioun | Uergelimprovisatioun | |
Schlusslidd | Herr, Du hast mein Fleh’n vernommen | Franz Schubert |
Sortie | Uergelimprovisatioun |