lb fr pt en
Altenpastoral . Pastorale des personnes âgées  
18. Januar 2020

D’Kierch vu Lëtzebuerg seet Iech Merci

Wuert vum Kardinol Jean-Claude Hollerich un déi eeler Leit

Léif Bridder a Schwësteren,
déi Dir bei Alter sidd,

et ass de Brauch, dass de Bëschof bei wichtege Geleeënheeten e puer Wuert un d’Chrëschte vu Lëtzebuerg riicht. Haut steet awer näischt esou un. Ech wollt Iech ganz einfach soen, dass Dir net vergiess sidd an enger Zäit, wou sech alles ëm déi Jonk ze dréine schéngt.

Kee Bam bléit am Fréijoer, dréit Friichten am Hierscht, wann e keng déif a gesond Wuerzelen huet. Fir eis alleguer, déi mir zur Zäit déi aktiv Lëtzebuerger Gesellschaft ausmaachen, an nach doriwwer eraus, sidd Dir déi onentbierlech Wuerzelen: iwwer d’Jore gewuess, duerch schwéier Zäite staark ginn, duerch den Opschwonk vun eisem Land gefestegt a bestätegt.

D’Kierch vu Lëtzebuerg seet Iech Merci. Egal wéi Är perséinlech Vergaangenheet war, an dësem Ablack wëlle mir e Bléck an d’Zukunft werfen. Déi Zukunft léisst sech vläicht net méi a Joerzéngte moossen. Si miesst sech un der Stäerkt vun der Hoffnung, déi Dir an Iech drot. Jo, och am Alter, oder vläicht grad am Alter, ass d’Hoffnung eng grouss Kraaft, den Alldag ze bestoen. Als gleewege Mënsch an als Bëschof vu Lëtzebuerg géif ech gär der Hoffnung en Numm ginn: si heescht Jesus Christus, de Liewegen. Dat kléngt feierlech, ass awer ganz einfach. Hie selwer huet gesot: „Wien u mech gleeft, huet d’éiwegt Liewen“. „Huet“, net „kritt“! Mir alleguer, besonnescht wa mir an eisen Häerzer dat Wesentlecht entdeckt hunn, gleewen deem Wuert, wat trotz eisem Alter, trotz Leed, Ofhängegkeet a Stierwen en onermoossleche Räichtum a sech dréit.

Dee Glawen ass net ëmmer evident, ass net ëmmer liicht, ass dacks verstëbst an ageschlof, mee bleift awer eis Kraaft fir aus eisem bescheidene Liewen e wäertvolle Bestanddeel vun eiser gesamter Gesellschaft ze maachen.

Versicht, mat deene Leit, déi Iech um Wee am Glawe begleeden, méi a méi eng Zort Leucht-
turm an enger stiermescher Zäit ze sinn, e Liicht, wat eng Richtung ugëtt, an deem ee sech, trotz all dem Neien an Ongewëssen, wat op eis duerkënnt, orientéiere kann. Ären Halt sief Christus! Da sidd Dir den Halt vun Äre Matmënschen. An Ären hoffnungsvolle Bléck op d’Zukunft ass fir si alleguer en Ustouss fir mat op de Wee ze goen.

Mir wëssen, wat mir un Iech hunn.

Mir sinn Iech dankbar.

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu