lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 29. Januar gouf vun Diddeleng iwwerdroen
Den 29. Januar gouf d’Sonndesmass vun Diddeleng iwwerdroen. Et huet d’Chorale Saint-Martin Diddeleng gesong. Dirigentinne waren d’Monique Biren-Kettel an d’Simone Schalz-Kirsch, Organist den Alessandro Urbano. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Saint-Martin Diddeleng stellt sech viir
Mir sinn en Damme-Kierchechouer, deen 1937 gegrënnt gouf an zanter hier net méi aus dem Diddelenger Parliewen ewechzedenken ass.
Als dynamesch Equipe vun ongeféier 30 Sängerinnen weise mer d‘ganzt Joer iwwer vill Engagement an dat, Dank dem onermiddlechem Asaz vun eisen zwou Dirigentinnen, dem Monique Biren-Kettel an dem Simone Schalz-Kirsch.
Mir prouwen Donneschdes ab 19.30 Auer am Centre St Martin. Nei Sängerinnen sinn hei allzäit häerzlech wëllkomm.
Ob an de Sonndesmassen, de Requiemen, den Hochzäiten, de kierchleche Feierdeeg, de spirituellen oder awer och de weltleche Concerten, mir freeën eis ëmmer fir Iech dierfen ze sangen.
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Prélude | |
---|---|---|
Agangslidd | Laudamus Canon | Donald Moore |
Kyrie | Messe de la réunion | Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas |
Gloria | Gloire éternelle | Michael Altenbourg |
Zwëschegesank | Bénis le Seigneur, ô mon âme | Liturgie byzantine |
Alleluia | Messe de la réunion | Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas |
Gowelidd | Let our praise to you | Malcolm Archer |
Sanctus | Messe de la réunion | Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas |
Anamnes | Gloire à toi Messe de la réunion | Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas |
Agnus Dei | Messe de la réunion | Laurent Grzybowski / Jo Akepsimas |
Kommioun | Âme du Christ | Joseph Gelineau |
Schlusslidd | Cantate Domino | Ruth Morris Gray |
Sortie | Fanfare | Jacques-Nicolas Lemmens |