lb | fr | pt | en |
D’Tëleesmass vum 6. Februar gouf vu Biissen iwwerdroen
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Tëleesmass vum 6. Februar op Kannermissiounssonndeg gëtt vu Biissen iwwerdroen. Et sange Sängerinnen a Sänger aus der Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord. Dirigent ass den Änder Wio, Organist: Luc Rollinger, Klarinett: Anne Muller, Gittar: Emmanuelle Schmit.
Et ass schonn zu enger Traditioun ginn, dass d‘Tëleesmass op Kanner-missiounssonndeg aus der Kierch vu Biisssen iwwerdroë gëtt, encadréiert vum Biisser Kannergesank. Mä de Covidvirus hält sech och net dorun, an huet äis ee klenge Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Obwuel och dëst Joer geplangt, ass et duerch Covid-Infektiounen dëst Joer net méiglech, dass de Kannergesank dëse Sonndeg d’Tëleesmass mat senge Stëmme verschéinert. Mä an enger Famill hëlleft een deem aneren. An esou hu sech – spontan – Sängerinnen a Sänger, souwéi Musikantinnen a Musikannten aus eiser Par zesummegedoen, fir trotzdeem dës Mass ze erméiglechen. Hinnen duerfir ee ganz grousse Merci.
Sou invitéiere mer Iech och dëst Joer, d’Mass fir Kannermissiounssonndeg aus der Biisser Kierch matzefeieren. Biede mer ganz besonnesch fir déi Krank, awer och fir déi vill, déi am Déngscht vun deene Kranke stinn, eis Mediziner, awer och ganz besonnesch all Akteuren/Aktricen am pfleegereschen Déngscht. An zesumme wëlle mer äis net kleng kréie loossen, och net duerch eng Pandemie. Well, wa mer am Glawen zesummestinn, da si mer staark. A mer freeën äis schonn op d’nächst Joer, wann de Kannergesank eis d’Tëleesmass verschéine wäert.
De musikalische Programm vun der Mass
Et sange Sängerinnen a Sänger aus der Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord
Dirigent: Änder Wio
Organist: Luc Rollinger
Klarinett: Anne Muller
Gittar: Emmanuelle Schmit
Entrée | Prélude (Guitarre) | Manuel M. Ponce |
---|---|---|
Agangslidd | Dieu nous accueille | Jean-Paul Lécot |
Kyrie | Messe „Vienne ton royaume“ | Michel Wackenheim |
Gloria | Messe „Vienne ton royaume“ | Michel Wackenheim |
Alleluja | Messe „Vienne ton royaume“ | Michel Wackenheim |
Gowelidd | Sarabande Ibérienne (Clarinette & Uergel) | Maurice Faillenot |
Sanctus | Messe „Vienne ton royaume“ | Michel Wackenheim |
Agnus Dei | Messe „Vienne ton royaume“ | Michel Wackenheim |
Kommuniounslidd | „Make you feel my love“ (Soliste: Emmanuelle Schmit) | Adèle |
Schlusslidd | Lève-toi et marche | Noël Colombier |
Uergel Sortie | Prélude & Fugue en ré mineur BWV 554 | Johann Sebastian Bach |