Aktivitéitsrapport 2022

“Virun 10 Joer hu mir verschidde pastoral Projete vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg Ärer Generositéit uvertraut, andeems datt mir d’Fondatioun Sainte-Irmine gegrënnt hunn, där hiert éischt Zil et ass, d’pastoral Entwécklung vun der Kierch ze fërderen an innovativ Projeten ze ënnerstëtzen. Zanter hier ass d’Stëftung kontinuéierlech gewuess – dëst dank Ärer Hëllef, léif Donatricen, léif Donateuren. Dofir e ganz häerzleche Merci!

D’Kierch vu muer brauch eis all!”

Kardinol Jean-Claude Hollerich, President vun der Fondatioun Sainte-Irmine

 

2022 huet d’Fondatioun hiren 10. Gebuertsdag gefeiert: den 30. November 2012 gouf an engem Arrêté grand-ducal, dee vum Justizministère ausgestallt gouf, d’Schafung vun der Fondatioun erlaabt, déi offiziell den 9. November 2012 constituéiert gi war.

Wärend dem Exercice 2022 huet d’Fondatioun am ganzen 2.040.832€ gesammelt, géintiwwer 1.521.014€ am Joer 2021, wat enger Erhéijung vun den Done vu 34% entsprécht. Um Niveau vun de Recette war 2022 dat beschte Joer vun der Stëftung säit hirer Grënnung; dëst exzellent Resultat ass zum Deel op zwou Ierfschaften a verschidde besonnesch grouss Donen, déi am Laf vum Joer erakomm sinn, zréckzeféieren. D’Fondatioun huet am ganze 5.325 Done krut, an dobäi méi Donateuren an Donatricen erreecht wéi 2021 (2.875 Donateuren 2022 géintiwwer 2.621 am Joer 2021).

D’Fondatioun freet sech iwwer déi méi grouss Generositéit vun den Donateuren, ënnert anerem fir d’Wierker vu MISSIO – dank enger Ierfschaft – a fir d’Restauréierung vun der Uergel an der Kathedral. Och den Zukunftsfong koum an de Genoss vun enger Ierfschaft.

 

Nei Projeten, déi 2022 lancéiert goufen

2022 war e Joer, andeem d’Fondatioun Sainte-Irmine sech weiderentwéckelt huet. 4 nei Projeten konnt d’Fondatioun ophuelen.

Am Mee hunn d’Bridder vu Verbum Spei 2 nei Projete gestart: d’Formatioun vun de Bridder vun der Brudderschaft an Thumos fir d’Missioun um Unicampus um Belval.

Am Juli du war et un der Gemeinschaft vum Christ-Roi, fir mat dem Haus Iñigo en neie Projet ze lancéieren, dëst ass en Uert, deen direkt un d’Kapell um Belair uschléisst an eng Partie pastoral Aktivitéiten ënnert engem Daach vereent.

Och zanter Juli gëtt et e Projet vun der LSRS (Luxembourg School of Religion & Society) fir d’Ënnerstëtzung vun den Formatiouns- a Rechercheaktivitéiten um Site vum Centre Jean XXIII.

Brochure Esch 2022

Projeten, déi 2022 ofgeschloss konnte ginn

  • Esch 2022 mat 53.222€ a 4 Joer.

De Projet Esch 2022 – Zesummen, wann och verschidden, deen am Kader vun Esch 2022 – europäesch Kulturhaaptstadorganiséiert gouf, huet et erlaabt, d’Liewen, d’Kultur an d’Dynamik vun der kathoulescher Kierch an hir Verbonnenheet mat der lokaler Populatioun ze weisen an d’Zesummenaarbecht mat den anere Glawensgemeinschaften ze ënnersträichen. Concerten, Konferenzen, eng interreliés Feier, e solidaresche Maart a Visitte vu Kierchen: déi sëllechen Evenementer hunn zu engem schéine Bild vun der Kierch zu Esch-Uelzecht bäigedroen, dëst dank enger ganz dynamischer Organisatiounsekipp.

 

  • D’Uergel vun der Kathedral gouf 2022 mat 73.344€ zu Gonschte vun der Fondatioun Sainte-Irmine ënnerstëtzt.

Olivier L.atry Orgue LuxembourgE Samschdeg, de 26. November, no Aarbechte vun zwee an engem halwe Joer, konnt de Kardinol Jean-Claude Hollerich d’Haupt-Uergel seenen; duerno huet den Olivier Latry, Titularorganist vun Notre-Dame zu Paräis, den éischte Concert gespillt, dëst an der Presenz vum Grand-Duc Henri an enger ganzer Partie Éieregäscht.

De Projet vun der Uergel ass dee Projet vun der Fondatioun, bei deem de Montant vun den Donen am héchste war: am Schnëtt 480€ pro Don am Joer 2022.

Och wann d’Restauréierung vun der Uergel ofgeschloss ass, sou ass dach de Projet vun der Haupt-Uergel an der Kathedral nach net ganz ofgeschloss: engersäits waren déi reell Käschte méi héich wéi déi uersprénglech Devise vun den Entreprisen, anerersäits mussen nach Fonge fonnt ginn fir déi nei Lautsprecheranlag an der Kathedral, e Projet, deen zesumme mat deem vun der Restauréierung vun der symphonescher Uergel realiséiert gouf.

Rapport annuel 2022Projeten, déi d’Joer 2022 markéiert hunn

2022 huet d’Fondatioun ënnert anerem dës Projeten ënnerstëtzt:

  • Den Zukunftsfong vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg, fir deen 2022   224 Donen erakomm sinn an deem am ganzen 603.670€ abruecht huet.

Zil vun dësem Fong ass et, dem Äerzbistum Lëtzebuerg, zesumme mat anere Quellen, déi néideg finanziell Ressourcen ze ginn, fir de pastoralen Déngscht an der ganzer Diözees an Zukunft ze assuréieren. Enn Dezember 2022 belafe sech d’Reserve vum Fong op 3.003.058,47€. Dës Ressource wäerten hëllefen, fir an Zukunft Gehälter vu Priister a vu Laien am kierchlechen Déngscht an der Suite vun der Trennung tëscht Staat a Kierchen hei zu Lëtzebuerg ze finanzéieren.

  • D’Tëleesmass mat 159.510€ am Joer 2022

Zanter 2017 muss den Äerzbistum d’Opnam an d’Iwwerdroung vun de Sonndesmassen a vun der Oktav selwer finanzéieren. Dëse Service gëtt vu professionnellen Entreprisen assuréiert an huet en héije Käschtepunkt. Ma an awer ass dëst e wichtege pastorale Projet, wëll et ville Leit, déi wéinst Alter oder Krankheet net méi an d’Kierch kënne goen, erlaabt, um Liewe vun der chrëschtlecher Gemeinschaft deelzehuelen. D’Tëleesmass bleift ee vun de beléifste Projete vun den Donatricen an Donateuren mat am ganzen 1.038 Donen am Joer 2022.

  • De Kierchefong mat 219.236€

All Joer kritt d’Fondatioun Sainte-Irmine Donen, déi si un d’Kierchefabricken an d’Kiercheverméigensréit (CGP) vum Kierchfong virugëtt: 2022 huet d’Stëftung esou 906 Done weidergeleet zu Gonschte vun Äre Kierchen, 2021 waren et der 1.016.

  • Reech eng Hand mat 74.408€

“Reech eng Hand” ass e Projet vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, dee lancéiert gouf vum Här Äerzbëschof am Kader vun der Migratiounskris 2015, wärend där vill Flüchtlingen op Lëtzebuerg koumen. Tëscht 2019 an 2021 huet dësen diözesane Projet zwou Famillje vun der Insel Lesbos betreit. 2022 huet Reech eng Hand seng Aarbecht zu Gonschte vun der Integratioun vu Flüchtlingen um Terrain fortgesat, dëst dank de lokale Gruppe vu Reech eng Hand – fir nëmmen dës ze nennen – Déifferdeng, Iewescht Syr a Veianen, sech fir d’Zesummeféiere vu Famillje mobiliséiert an d’Vernetze vu verschiddenen Akteuren, fir Léisungen fir d’Problemer vun dëse Leit ze fannen.

  • D’Formatioun vun den zukünftege Priister fir Lëtzebuerg mat 23.380€

2022 hunn 10 Seminaristen hir Formatioun fortgesat, dëst hei zu Lëtzebuerg, zu Paräis oder an der Missioun an der Belsch oder a Frankräich. Si kommen vu Lëtzebuerg, ma och aus Éisträich, Italien, Portugal, Brasilien, Spuenien, Ruanda an aus Kolumbien; 2023 kënnt e Seminarist aus dem Venezuela derbäi.

Nodeems an de leschte Joren Sproochecoursen (Franséisch a Lëtzebuergesch) finanzéiert goufen, huet d’Fondatioun Sainte-Irmine 2022 de Finanzement vun de Coursen, déi vun den auswäertege Professeren am Kader vun der kanounescher Formatioun a Philosophie an Theologie gehale goufen, fir d’akadeemescht Joer 2021-2022 iwwerholl.

  • MISSIO – Priister fir d’Welt mat 279.984€ (dank enger Ierfschaft)

De Parrainage vu Seminaristen ass eng Initiativ vum Hellegen-Apostel-Paulus-Wierk, dat vum Pauline Jaricot gegrënnt gouf; am Mee 2022 gouf si an hirer Gebuertsstad Lyon a Frankräich séileg geschwat.

MISSIO Lëtzebuerg huet sech engagéiert, véier Seminairen ze ënnerstëtzen, fir d’Ausbildung vun den zukünftege Geeschtlech an den Diözeesen Nyakibanda am Ruanda, Kalondaen an der demokratescher Republik Kongo, Morning Star an Indien wéi och e Seminaire am Bénin esou ze assuréieren.

  • MISSIO – Verbreedung vum Glawen mat 258.769€ (dank enger Ierfschaft)

D’Wierk vun der “Propagation de la Foi” huet zum Zil, all Chrëscht ze motivéieren, d’Missiounen duerch eng spirituell a materiell Hëllef ze ënnerstëtzen an esou déi gutt Noriicht ze verkënnegen.

Duerch e konstanten a konsequenten Engagement fir d’Formatioun an d’missionaresch Animatioun ginn esou gefërdert:

  • eng missionaresch Spiritualitéit vun de chrëschtleche Gemeinschaften an de Gleewegen;
  • eng universell Solidaritéit duerch d’Partizipatioun um weltwäite Fong fir d’Evangeliséiserung vun de Vëlker, dëst besonnesch um weltwäite Missiounsdag, deen um zweetleschte Sonndeg am Oktober gefeiert gëtt.
  • D’Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei mat 44.655€ Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei

De Projet “Formation vun de Bridder vu Verbum Spei” ënnerstëtzt d’Formatioun vun de Bridder vun der Brudderschaft, déi hei zu Lëtzebuerg sinn.

Verbum Spei gouf 2012 a Mexiko gegrënnt. D’Beruffung vun de Bridder ass virun allem kontemplativ, huet awer och eng apostolesch Dimensioun. Hir Spiritualitéit ass inspiréiert vun den Heeschenuerden, dofir liewe si zu engem groussen Deel vun Donen. An 10 Joer ass d’Brudderschaft gewuess an zielt haut 45 Memberen, déi meescht vun hinne sinn nach an der Ausbildung. Aacht Bridder liewen haut zu Lëtzebuerg, sechs dovunner sinn a Formatioun. Enn 2022 huet d’Fraternitéit am neie Foyer Saint-Paul II, dee vum Kierchefong um Belval gebaut gouf, en neit Doheem fonnt.

  • De spirituellen Zentrum um Centsmat 23.553€

Déi kontemplativ an déi apostolesch Gemeinschaft vun de Schwëstere vum “Institut des Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matara” schafft mat a fir d’Familljen. Zanter Mee 2021 assuréieren och 3 Priister vum “Institut du Verbe Incarné” hei eng Presenz. De spirituellen Zentrum bitt Formatiounen un: spirituell Exercisen, Katechees, Virbereedung op d’Sakramenter.

  • D’Renovatioun vun der Kapell vum Christ-Roi mat 22.785€

2022 konnt en transparent Glänner an der Kapell ubruecht ginn an d’Elektrescht gouf frësch gemaach.

 

Déi aner Projeten, déi 2022 vun den Donatricen an Donateuren ënnerstëtzt goufen:

  • D’Scuola Materna Cattolica Internazionale mat 52.897€

D’Scuola Materna ass eng Spillschoul, déi op chrëschtlech Wäerter baséiert an dës vermëttelt.

  • Adveniat mat 29.845€ am Joer 2022

Adveniat ënnerstëtzt e Lëtzebuerger Missionar, deen op spirituellem a sozialem Plang aarme Poren am Chile an a Brasilien hëlleft.

  • Karibuni mat 24.210€

Karibuni engagéiert sech zu Gonschte vun enger ganzheetlecher Integratioun vu jonke Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg.

  • D’Haus Iñigo mat 11.580€

D’Haus Iñigo ass en Uert, fir Kraaft ze schäffen an am Glawen gestäerkt ze ginn, en Uert vu Begéinung, Engagement an Austausch an der Stad Lëtzebuerg.

  • D’Weltjugenddeeg 2023 mat 6.750€

D’Weltjugenddeeg (JMJ) fannen am August 2023 zu Lissabon statt. Et ass dëst en Treffe vu Jonken aus aller Welt mam Poopst. Et ass och eng Pilgerfaart, e Jugendfest, en Ausdrock vun der Weltkierch an e wichtege Moment fir Evangeliséierung fir déi Jonk.

 

 

Fir dës Projete goufen am Laf vum Joer insgesamt 17.256€ gespent:

 

  • De Fong fir déi Krank, deen d’Partizipatioun vun de kranke Pilger un der diözesaner Wallfaart op Lourdes ënnerstëtzt.
  • D’ACFL / Fraen a Mammen, e grousse Mouvement vu Fraen a Mammen, déi an der Kierch an an der Gesellschaft engagéiert sinn.
  • D’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst; zanter 2022 sinn de Michele an d’Isabella Camposeo d’Coordinateure fir Lëtzebuerg.
  • Thumos, e Projet vun der Fraternité Verbum Spei, deen am Kader vum neie Foyer Saint Jean-Paul II Studenten aus Lëtzebuerg, aus Europa an doriwwer eraus ophëlt, déi eng missionaresch Erfarung am Kader vun der Uni um Belval maache wëllen.
  • D’Europa Scouten vu Lëtzebuerg, eng Scoutsbeweegung, déi komplementär zur Famill eng kathoulesch Formatioun bitt.
  • D’LSRS, déi Fonge sicht fir e spezifesche Forschungsprojet, seng ëffentlech Aktivitéiten, Publicatiounen, Evenementer a seng allgemeng Missioun.

 

D’Fondatioun wëll och all deenen Donatricen an Donateure villmools Merci ze soen, déi d’Fondatioun wärend dem leschte Joer mat Donen ouni speziellen Zweck ënnerstëtzt hunn. E groussen Deel vun dëse Fongen goufen an dës Projeten investéiert: Zukunftsfong, Tëleesmass, spirituellen Zentrum vum Cents, Fong fir déi Krank (fir d’Pilgerrees op Lourdes 2023) a fir d’Wierk “Entraide d’église” zu Gonschte vun der Kierch an der Ukrain.

 

Promotioun an Ëffentlechkeetsaarbecht

2022 gouf markéiert vum Depart vum Antoine Wagner an d’Pensioun a vun der Arrivée vu senger Nofollgerin Marie-Ange de Savignac als Missiounsbeoptraacht vun der Stëftung.

Fir sech op verschiddene Supporten ze positionnéieren huet d’Fondation verschidde Projetsresponsabel getraff, Fotoe vun de Projeten an Informatiounen iwwer hir pastoral Aarbecht gesammelt a publizéiert.

Am Mee gouf eng nei Broschür verëffentlecht, fir déi verschidde Projeten, déi a Kooperatioun vun de Projetspartner realiséiert ginn, virzestellen.

couverture brochure FSI 10ansBei Geleeënheet vum 10. Gebuertsdag vun der Stëftung gouf am Oktober eng weider, méi grouss Broschür publizéiert. Op enger doze Säite ginn hei d’Projete vun der Fondatioun un Hand vu gemeinsame Wäerter presentéiert: ophuelen an ënnerstëtzen, säi Glawe liewen, Laien a Priister forméieren, weiderginn, begéinen an deelen, d’Zukunft virbereeden. Dës Broschür, déi Dir op einfach Ufro hi kritt, gouf u méi wéi 9.000 Donatricen an Donateure vun der Fondatioun geschéckt.

D’Fondatioun huet eng Presenz an de sozialer Netzwierker via d’Säite vum Äerzbistum. D’Zil ass et e méi jonke Public vun Donateuren ze ereechen, d’Visibilitéit vun der Stëftung ze vergréisseren a vun hire Projeten a Besoinen ze schwätzen.

D’Internetsäit www.irmine.lu verännert sech stänneg duerch d’Nouvellen op der Homepage. Dës Aktualitéite ginn de Projeten eng Stëmm a Visibilitéit an ënnersträichen d’Proximitéit vun den Aktiounen.

Am Kader vun hiren 10 Joer hat d’Fondatioun e Gebuertsdagslogo entwéckelt, dee sech zanter der Rentrée op alle Supporte erëmfënnt.

 

D’Ekipp vun der Fondatioun, ënnerstëtzt vum Personal vum Bistum, hat den 9. November 2022 en Evenement am Bëschofshaus organiséiert fir d’Membere vum Verwaltungsrot, d’Projetsresponsabel, Mataarbechter vum Bistum, Membere vun de Kierchefabricken an eng Partie reegelméisseg Donateuren an Donatricen an där, déi sech besonnesch generéis gewisen hunn. Dësen Owend, un deem ronn 120 Leit deelgeholl hunn, ass an enger ganz frëndschaftlecher Atmosphär verlaf a war zugläich en Ausdrock vun Dankbarkeet fir dës 10 Joer.

 

Aktiounsplang fir 2023

D’Ekipp vun der Fondatioun setzt 2023 hir Efforte fort, fir d’Projete vum Bistum a vun hire Partner ze promouvéieren, a baut hir Kommunikatiounsmëttel nach aus. Nieft der konstanter Weiderentwécklung vun der Internetsäit wäert eng nei Broschür virbereet gi fir 2023/2024.

Am Kader vun den 10 Joer vun der Fondatioun gëtt den 19. Mäerz 2023 eng Danksagungsmass gefeiert. Dës Tëleesmass gëtt live iwwerdroen aus der neier Kapell vum Foyer Saint Jean-Paul II um Belval. Eng Kommunikatioun un all Donatricen an Donateure vun der “Tëleesmass” ass virgesinn am Virfeld vun dësem Gottesdéngscht.

D’Ekipp vun der Fondatioun, ënnerstëtzt vun de Membere vum Verwaltungsrot, wäert iwwer Aktiounen nodenken, déi 2023 an an de Joren dono ënnerholl solle ginn, fir dem Zukunftsfong méi eng grouss Visibilitéit ze ginn an nei Donateuren ze sensibiliséieren fir dëst wichtegt Uleies vun der Kierch.

Am Kader vun engem ëmmer nach schwierege wirtschaftleche Ëmfeld wäert d’Fondatioun seng Efforte weiderféieren, fir déi beschtméiglech Placementer (an ouni Risiken) fir seng Avoiren ze fannen, fir esou Zënsen ze generéieren, déi dem Objet vun der Stëftung nees zegutt kommen.

De Verwaltungsrot an d’administratiivt Personal vun der Fondatioun soen allen Donateuren an Donatrice vu ganzem Häerz e grousse Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung am Laf vum Joer 2022!