lb fr pt en
Sech an der Kierch engagéieren . S’engager dans l’Église  
28. Juli 2019

Héichpunkt ass déi 13. international Roumwallfaart am Summer 2023

Massendénger: Éischt Treffe vum neie CIM-Comité zu Lëtzebuerg

Viru kuerzem huet den CIM-Komitée, de Virstand vum internationale Massendéngerverband, sech eng éischte Kéier, no der läschter Generalversammlung, wärend 2 Deeg am Juli zu Lëtzebuerg versammelt.

Deen neie Komitée huet sech etlech Zieler fir déi kommend Amtsperiod gesat – een Héichpunkt wäert ganz sécher déi 13. international Roumwallfaart am Summer 2023 sinn. Zesumme gouf iwwer déi vergaange Generalversammlung ee Bilan gezunn, an déi nächst Generalversammlung vum Mäerz 2020 zu Lëtzebuerg gouf geplangt.

Ee gemittlechen, frëndschaftlechen Owend am Bëschofshaus, verbonne mat enger Massfeier an engem gemittlechen Iessen hunn dat éischt Treffe vum Komitée, gestäerkt.

Tanja KONSBRUCK
tanja.konsbruck@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu