lb fr pt en
Sech an der Kierch engagéieren . S’engager dans l’Église  
28. Juli 2019

Tarcisiusfeier 2019 vun de Lëtzebuerger Massendénger

Zu Gaascht an der Par Äischdall-Helpert Saint Willibrord

Fotoen: Tanja Konsbrück

D‘Massendénger aus der Äerzdiözese Lëtzebuerg hu sech, wéi schonn déi vergaange Joren, fir den 9. Juli an enger Par getraff, fir un den hellegen Tarcisius, hirem éischte Schutzpatréiner, ze denken.

Dëst Joer ware si op Invitatioun vun de Massendéngerverantwortlechen aus der Par Äischdall-Helpert Saint Willibrord fir déi Geleeënheet zu Biisen um Woobierg.

Ugefaange gouf mat enger Gedenkfeier zur Éier vum Hellegen Tarcisius an der flotter Kapell um Woobierg, déi vum Nationalaumonier vun de Lëtzebuerger Massendénger, dem Här Paschtouer Jean-Pierre Reiners, zelebréiert gouf.

Uschléissend sinn d’Massendénger all zesummen op déi grouss Grillplaz um Woobierg getrëppelt, wou ee puer gemeinsam Spiller an ee gemittleche Grillowend vun de Massendéngerresponsabel aus der Gaaschtpar virbereet goufen.

All Massendénger sinn elo schonn häerzlechst agelueden, fir sech den 9. Juli 2020 ze treffen.

Tanja KONSBRUCK
tanja.konsbruck@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu