fr lb pt en
Sonndesmass  

Radiosmass

Live a Replay vun der Sonndesmass

Live

Hei leeft sonndes muerges vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch.
De Rescht vun der Zäit gesitt Dir just Biller vun de Kierchen oder de Chorallen.

Replay

Hei kënnt Dir d’Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier lauschteren.
Et ka bis zu e puer Stonnen daueren ier déi aktuell Mass an der Lëscht optaucht.
Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil.

CD vun der Mass

Fir en CD vun der Mass ze bestellen zum Präis vu 15 €, schéckt en Email op radiosmass cathol.lu mat

  • ärem Numm;
  • ärer Postadress;
  • dem Datum vun der Mass.
    Kontakt: Service Communication et Presse, Tel. 44743-401.

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass an der Oktav!

E wichtege pastorale Projet fir vill Leit, déi matfeiere wëllen awer net an d’Kierch goe kënnen.
Säit Januar 2017 muss de Bistum d’Ophuele vun der Sonndesmass an der Muttergottesoktav fir .dok, RTL-TV Audio an Internet selwer finanzéieren. D’Fondation Sainte Irmine ënnerstëtzt dëse pastorale Projet, dee sech virun allem un déi Chrëschte riicht, déi u verschiddene Gottesdéngschter via déi modern Kommunikatiounsmëttelen deelhuele wëllen. Et handelt sech oft ëm Leit, déi aus Alters- oder Krankheets-Grënn, net méi an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien e wichtegt, existenziellt Bedierfnes ass.

Hëlleft mat,

  • spent op de Konto vun der Fondation Sainte Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000
  • maacht en Don online

mam Stéchwuert: “Radiosmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn.
Villmools Merci!

 
A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .    Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu