fr lb pt en
Thailand 2017  
17. März 2017

Laaft mat fir den Thailand-Projet!

Charity Run fir d’Fondation Sainte Irmine den 8. Abrëll zu Ettelbréck

All Ronn zielt!

Laaft mat e Samschdeg, den 8. Abrëll, zu Ettelbréck an ënnerstëtzt esou den Thailand-Projet vun der Fondation Sainte Irmine.

Am Summer fiert e grousse Grupp Jonker zesumme mam Här Äerzbëschof an Thailand. Am Mëttelpunkt vun dëser aussergewéinlecher Pilgerrees stinn de Bau vun enger Schoul beim Vollék vun de Karen an eng Ausernanersetzung mat der Enzyklika Laudato si. Méi Infoen zur Rees op thailand.cathol.lu.

Praktesch Informatiounen zum Charity Run:

  • Départ ass virun der Kierch zu Ettelbréck (an der Groussgaass) vun 10 Auer un (bis 12 Auer).
  • D’Sekretariat ass niewent der Kierch (Rond Point Abbé Müller) vun 8.30 Auer un.
  • Aschreiwungen: www.capa.lu oder direkt op der Plaz.
  • Parcours: 420 Meter duerch Ettelbréck.
  • Startgeld: 2 Euro + 0,5 Euro pro Ronn fir de gudden Zweck.
  • Vestiairen an Dusche stinn am Stadion “Um Däisch” zur Verfügung.

Interesséiert? Weider Froen?
Da mellt Iech beim Frank Strock: Tel. 661-514892.

 
A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .    Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g
© Archevêché de Luxembourg . Äerzbistum Lëtzebuerg
certains droits réservés . verschidde Rechter reservéiert
4 rue Genistre, L-1623 Luxembourg
Boîte postale 419, L-2014 Luxembourg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu