Wand an eise Seegelen
Kommentar zum 1. Fastensonntag des liturgischen Jahres A - Soeur Clara-Martine Regenwetter osb (22.02.2026)
Op dësem 1. Faaschtesonneg ginn traditionell d'Versuchunge vum Jesus an der Wüst gelies. Et ass bezeechnend, datt et net den Däiwel ass, deen de Jesus an d'Wüst féiert, mee den Hellege Geescht, just nodeems hie bei der Daf vu Gott d'Zouso krut, datt hien de Jong vu Gott ass, datt Gott hie gär huet an an him seng ganz Freed fënnt. Et wonnert deemno net, datt d'Verb anago dat bei eis mat „gouf geféiert“ iwwersat gëtt, am griicheschen Original eng vill méi large Bedeitung huet, nämlech: eropgoen doen, eropféieren, d'Seegel setzen, op d'Mier erausfueren. Dee Gott, deen eis gär huet, well och mir seng Kanner sinn, wëll Wand an eis Seegele bréngen, eis op d'Mier erausféieren an eis eropféieren, méi no bei Hien.
Chercheur d'eau vive, pélerin de Dieu, sais-tu qu'il cherche au plus dur de toi une source?[1]
Gott well eis also op d'Mier erausféieren - a schéckt eis dofir mam Jesus an d'Wüst? All Mier huet säin Ursprong an enger klenger Quell. Mee wéi kann eng Quell hiren Ursprong fannen do wou alles betonéiert an haart ass? Jo, dës Woch en Dënschden huet Lëtzebuerg nees en traurege Rekord opgestallt an ass dat 2. Land weltwäit, wat seng natierlech Ressource fir dëst Joer opgebraucht huet. Et kann ee vun de Rechnungen déi zu deem Resultat féieren, hale wat ee well, Tatsaach ass, datt eise Liewensstandard ganz héich ass. Wou soll do nach Platz sinn, fir e Manque ze verspieren, wou all kléngste Besoin direkt befriddegt gëtt? Jidderee kann a sech selwer eraspieren a kucken, op wat e misst verzichten, fir dat en net nëmmen dat ewechléisst wat e souwisou net brauch, mee fir datt en tatsächleche Manque, e Vide entsteet, wou e ka Platz maache fir Gott eranzeloossen a Jesus an d'Wüst nozefollegen.
Mendiant sans force, mains tendues vers Dieu, sais-tu qu'il aime au plus creux de toi la faiblesse?
An dëser Wüst preparéiert de Jesus sech op dat ëffentlecht Liewen a seng Missioun, déi virun him läit. Als wierkleche Gott a wierkleche Mënsch huet hie mat Sécherheet en ënnere Kampf missen ausfechten, dorop deiten d'Tentatiounen hin. Notamment déi, Steng a Brout ze verwandele wéi hien no 40 Deeg Honger hat. Et war sécher net einfach fir hien, säin eegenen extremen Honger auszehalen. Wéi vill méi schwéier muss et gewiescht sinn, och spéider am Kontakt mat de Mënschen, net seng gëttlech Allmuecht ze benotze fir all Leed aus der Welt ze verbannen, mee weiderhin dru festzehalen, datt de Mënsch sech géing bekéieren a géing um Räich Gottes matbauen? Haut des Daags si mir all Meeschter dran, alles ze reegelen, effikass ze sinn, fir all Problem hu mer eng Léisung. An dat ass net falsch. Mee si mer an all deem Leeschtungsdrock an am Oprechterhale vun eiser perfekter Fassade nach kapabel a Bescheidenheet dat an eis selwer unzehuelen, wou mer net perfekt sinn, dat wou mer blesséiert sinn? Kënne mir eis virstellen, datt Gott grad do Seng Léift ausbreet an eis vu bannen eraus heelt?
Voleur de grâce, affamé de Dieu, sais-tu qu'il met au plus fou de toi le partage?
De Jesus huet sech an der Wüst géint Allmuecht a kinneklech Herrlechkeet a fir Bescheidenheet, Vulnerabilitéit a Léift fir all Mënsch entscheet. Hien huet sech verankert am Wuert Gottes an huet och spéider ëmmer erëm d'Gebiet gesicht. Si mir bereet him och do nozefollegen, ee mat deem aneren ënnerwee ze sinn, ouni Muechtusprech à la „ech hu recht“ ? Si mir prett ze deelen, net nëmmen eis materiell Gidder, mee och eis Gotteserfarungen? Si mir prett eis vu Gott erausféieren ze loossen an esou eis Missioun als seng Zeien ze liewen ?
Iech all e gudde Wand an dëser Faaschtenzäit!
[1] D'Iwwerschrëfte vun den Abschnitter sinn Extraiten aus der Hymne fir d'Faaschtenzäit „Guetteur de l'aube“ vun der Commission Francophone Cistercienne.