Skip to main content Skip to page footer

A wat maache mat der Schold ...

Kommentar zum 24. Sonntag im Jahreskreis A - Sr Clara-Martine Regenwetter (13.09.2026)

Am Evangelium vun dësem Sonnde freet de Péitruss de Jesus, wéi een et muss mam Verzeien halen. E ganz schwieregt Thema. De Péitruss well sech manifestement als gudde Schüler vum Jesus beweisen, well anstatt dem „Auge um Auge, Zahn um Zahn“ deen am Prinzip zu der Zäit üblech war, bitt hien un, sengem Géintiwwer 7 Mol ze verzeien. D'Zuel 7 stoung an der deemoleger Kultur fir Perfektioun a Vollkommenheet. De Jesus äntwert him mat enger Parabel iwwert d'Himmelräich.

Mir gesinn e verscholdtene Mann, dee sengem Meeschter 10.000 Talenter schëlleg ass, dat entspriecht ongeféier 300.000 kg Gold. Onnëtz ze preziséieren, datt e ganzt Liewen net duergeet fir déi enorm Zomm zeréckzebezuelen. Dem deemolege Recht no konnt de Meeschter hien dofir mat senger ganzer Famill an de Prisong ze werfen. Scholde maachen onfräi, och nach haut.

Tatsächlech gëtt am Griicheschen dat selwecht Wuert benotzt fir d'finanziell Schold a fir de Feeler deen ee géintiwwer engem Anere mécht. Dat gesi mir zB och am Vater unser, wou dat selwecht Wuert benotzt gëtt wéi an eisem Text. Effektiv kenne mir eisem Nächsten e grousst Onrecht gedoen hunn an d'Schold späert eis fir de Recht vun eisem Liewen ënnerlech an. Oder mir krute sëlwer eppes Terribeles zougefüügt a kënnen eis e Liewe laang net dovu befreien a scho guer net deem Anere verzeien. All déi Situatioune maachen eis onfräi, spären eis an.

Mee dat ass net, wat de Meeschter mécht. Hien erléist dem Mann a senger Famill déi ganz kolossal Schold a gëtt him esou seng Fräiheet zeréck. Wéi géingt dir iech fillen, wann een iech är ganz Scholden noléisse géing oder se an ärer Platz bezuele géing? Wat géing esou „e Gest“ alles méiglech maachen? Net auszedenken. Et wier quasi en neit Liewen, dat vu Fräiheet, Duerchootmen, Dankbarkeet, Energie a Kreativitéit erfëllt wier. Wann de Schëldner, deen seng ganz Schold nogelooss krut, an déi Dynamik erageklomme wier, wiere mer bei deem ukomm, wat de Jesus um Enn vum Text vun eis freet a wat hien eis erméiglecht huet, andeems Hien déi ganz Schold mat der de Mensch net eens gett, op sech geholl huet. Neemlech eis als Geschwëster ze gesinn an eis vu ganzem Häerze ze verzeien (Mt 18,35). Dat ass eng ganz aner Qualitéit vu Relatioun wéi wa mir als Här a Meeschter deem Anere géintiwwer optrieden an him d'Ofrechnung maachen, wat hien eis schëlleg ass oder wéi oft mir him scho verzien hunn. Do wiere mir dem Himmelräich scho vill méi no!

An eisem Text genau wéi am Vater unser heescht et: „verzei eis eis Schold, wéi och mir deene verzeien, déi an eiser Schold sinn“. Heescht dat elo, datt Gott eis bestrooft a wéi am Text, an de Prisong gehäit, wa mir engem net verzeie kënnen?

Ech denken, en essentielle Punkt ass, datt béid Schëldner am Text em Gnod gefrot hunn. Mee vill Leit deenen een net verzeie kann, hunn een ni em Verzeiung gefrot. Et ass ganz schwéier engem ze verzeien, deen net weist, datt hien sech senger Schold bewosst ass an datt et em leed deet. Zu der konkreter Situatioun seet eisen Text näischt.

Mee och wann deen Aneren em Gnod freet, ass et méiglech, datt mir eis net an der Laach spieren him ze verzeien. A mir wëssen all, datt een och selwer onfräi bleift sou laang een net verzien huet. Wat also maachen? Ech denken do un de Jesus um Kräiz. Hien sot net zu deenen déi hie gekräizegt hunn „ech verzeien iech“. Mee hien huet Gott säi Papp gefrot, Hie soll hinne verzeien. Villäicht kann dat e Gebiet sinn, dat eis zeréck an d'Fräiheet féiert ...

Och an dëser Rubrik

Gott hat den Menschen frei geschaffen, damit er als Mensch leben kann

D’Fest maachen d’Gäscht

Die Etikette des Reiches Gottes oder der QR-Code für die Ewigkeit

Jörg Seiler, Thomas Sojer, Konstantin Stawenow: lyrisch glauben – Dem Unsagbaren auf der Spur