Skip to main content Skip to page footer

Oktavpriedegten 2026

d’Oktavpriedegten fir ze liesen

Aus dem hellegen Evangelium nom Lukas (Lk 4, 16-21)

De Jesus ass op Nazareth gaang, duer, wou hien opgewuess war. Esou wéi et um Sabbat seng Gewunnecht war, ass hien an d'Synagog gaang, an do ass hien opgestan, fir virzeliesen. Hie krut d'Buch vum Prophéit Isaias gereecht. Hien huet d'Buch opgemaach an déi Plaz fonnt, wou geschriwwe steet: Dem Här säi Geescht ass op mir, well hien huet mech gesaleft. Fir deenen Aarmen eng gutt Noriicht ze verkënnegen, huet hie mech geschéckt, fir deene Gefaangenen ze verkënnegen, datt si fräikommen, an deene Blannen, datt si nees gesinn, fir déi Gebrachen an d'Fräiheet ze schécken an e Gnodejoer vum Här auszeruffen. Nodeems hien d'Buch zougemaach an et dem Dénger hanneschtginn hat, huet hien sech gesat. All déi, déi an der Synagog waren, hu gespaant op hie gekuckt. Dunn huet hien ugefaang, hinnen z'erklären: "Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft bei iech zou an Erfëllung gaang."


Éischt Oktavpriedegt: "Maach et wéi Gott a gëff Mënsch" (Bëschof Franz Kamphaus) elo an hei

 

Léiwen H. Äerzbëschof,
Léiwen H. Weibëschof,
Léif Pilgerinnen a Pilger

« Maach et wéi Gott a gëff Mënsch », dëse Saz vum verstuerwene Bëschof vu Limburg dem Franz Kamphaus huet mech zum Thema vun den Oktavpriedegten inspiréiert.
Et mech ëmmer nees a frou an dankbar, datt mir Mënschen, fir Gott esou wichteg a wäertvoll sinn, datt hien am Jesus ee vun äis ginn ass.. Gott hëlt d’Initiative net mir. 
Gott traut eis Mënschen eppes zou, Hie well eis net kleng maachen, mee Hien well, datt dat Bescht dat hien an eis geluecht huet, grouss gëtt, a virun allem, datt mir am Glawen un Hien an am Asaz fir de Mënsch eis Erfëllung fannen. 

Mënsch sinn ass schéin. Et ass net ëmmer einfach. 
Mënsch sinn elo an hei, dat ass eist Liewen. Als Mënschen droe mir Verantwortung fir an der Realitéit ze stoen a se matzegestalten. Als Chrëschtinnen a Chrëschte gleewe mir, datt Gott och haut an der Realitéit, am Alldag do ass. Un eis ass et d’Zeeche vu senger Präsenz ze sichen an drop opmierksam ze maachen. 
D’Evangelium ass eng gutt Noriicht fir elo an hei, et ass wéi e Kompass deen eis Orientéierung gëtt. D’Evangelium stäerkt eis am Mënschsinn, well mir do erfuere wéi de Jesus et mécht, dofir baut och all Priedegt op en Evangelientext op. 

Maach et wéi Gott a gëff Mënsch : 
Lo denkt Dir väeicht zu Recht, ma mir sinn dach Mënschen. 
Natierlech si mir Mënschen, mir gehéieren zur Mënschheetsfamill. Gott huet äis aus Léift geschafen.
An dach ass dat mat eisem Mënschsinn esou eppes. Heiansdo oder méi dacks mierke mir selwer, datt dat mat deem Mënschsinn net esou 100% klappt wéi mir dat gären hätten. Et geet duer fir e Bléck an d’Realitéit ze  werfen : ze vill Kricher, onnéideg Gewalt, vill Honger, Zerstéierung vun der Schëpfung. Mënschlechkeet ass op munchen d’Plazen ënnert d’Rieder komm. 
Eist Mënschsinn ass ni fäerdeg, well d’Liewen an d’Evangelium invitéieren oder drängen äis zu Verännerungen. 
An als Chrëschtinnen a Chrëschten hu mir eng immens Chance. Mir kënnen an der Nofolleg vum Jesus gesinn a léiere wat et heescht wierklech Mënsch ze sinn. 

Firwat ass Gott Mënsch ginn ? 
Di Mënschen, déi d’Bicher vum  alen Testament geschriwwen hunn, erziele vun der Geschicht vum Vollek Israel, mat Gott. Et ass eng Geschicht mat vill Auf und Ab, awer an allem wat geschitt, hëlt Gott seng Léift net zréck, Hien mécht ëmmer nees den éischte Schrëtt. An esou wiisst an den Häerzer vun de Mënschen d’Sehnsucht, datt Gott selwer kënnt fir en neien Ufank ze setzt. E neien Ufank, bei deem Gott dem Mënsch ganz nokënnt. An doduerch gëtt de Mënsche gerett a gëtt fräi vun allem wat Mënschsinn zerstéiert oder abiméiert, fräi vun der Sënnlosegkeet, letztendlech fräi vun der Trennung mat Gott, déi ëmmer nees spierbar ass, wa mir eist Mënschsinn net ganz liewen. De Mënsch gëtt erléist, befreit.
Den Hl Ignatius vu Loyola huet a sengem Exerzitien, e Buch zur Uleedung zum Gebiet, eppes Wonnerbares zum Komme vu Jesus an d’Welt geschriwwen. De Mënsch dee biet, ass invitéiert an de Bléck vu Gott eranzeklammen, sou wéi Gott d’Welt kuckt , a sech dann d’Gespréich a Gott tëscht dem Papp, dem Jong an dem Hl Geescht virzestellen, wéi a Gott de Wonsch wiisst an d’Welt ze kommen, andeems de Jesus Mënsch gëtt.  (Ex spir 102,106)

Ass dat net wonnerschéin an onbegräiflech an engems : A Gott wiisst de Wonsch, an d’Welt ze kommen an deem de Jesus Mënsch gëtt. Et ass Gottes Wonsch, hie kennt eis Realitéit, an hie well am Jesus eist d’Mënschsinn deelen, datt mir Mënschen en erfëllte Liewen hunn. Mir kënnen dee Mënsch ginn, wéi Gott jiddereen eenzelne gesäit. Mat där Beruffung an deenen Talenter déi Gott eis an d’Häerz geluecht huet. Mat enger Würd, enger Dignitéit ginn, déi keen eis ka wech huelen. 
Doduerch datt Gott Mënsch am Jesus gëtt, schenkt Hien eis Undeel u sengem Liewen. Do bleift eis just Staunen an eng grouss Dankbarkeet.

Gott gëtt wierklech Mënsch am Jesus, hie mécht net nëmmen sou. De Jesus lieft d’Mënschsinn mat de schéine Säiten an d’Liewe mat senge Begrenztheeten a mat Leed an Doud. Hien duerchlieft alles, dofir ass hien mat äis an allem wat mir erliewen. Dorobber dierfe mir trauen.
Fir Mënsch ze ginn, brauch Gott e Mënsch, dee ganz Jo seet. Maria ass déi Fra, déi ganz Jo zu Gott seet, fir datt Jesus duerch si kann an d’Welt kommen. 
Hir Missioun ass eenzegaarteg. Si kann eis léieren, wéi Gott och an jidderengem vun äis ka gebuer ginn, wéi Jesus an eis wuesse kann, an duerch eist Liewen, eis Léift  zu anere Mënsche ka gedroe ginn. 

Den Evangeliumstext, dee mir héieren hunn, weist eis e Wee. Den Text ass wéi e Resumé vun deem wat de Jesus seet a mécht. 

De Jesus handelt a schwätzt an der Kraaft vu Gottes Geescht 
Hien verkënnegt di Gutt Noriicht un di Aarm, mécht datt di Blann gesinn a schenkt deene Mënsche Befreiung, déi onfräi sinn. 
Mam Jesus brécht eng nei Zäit un : "Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft bei iech zou an Erfëllung gaang."
Dat gëllt och fir eis elo, hei an der Kathedral oder virun der Televisioun oder dem Computer. Mir si gemengt, wann et heescht : den Aarme gëtt eng gutt Noriicht verkënnegt, di Blann gesinn, déi di onfräi si kréie Befreiung geschenkt.
Lo denke mir vläicht, ech sinn dach net aarm, oder blann oder onfräi ?
An awer : si mir net heinsado aarm, well mir net di richteg Wierder oder Geste fannen, blann well mir eis d’Realitéit rosa rout oder pechschwaarz molen, blann well mir net gesinn oder iwwersi wou mir gebraucht ginn, onfräi, well eis Gewunnechten, eis Virurteeler, eis Ängschten eis gefaangen halen, a mir eis net trauen en 1. Schrëtt ze maachen. 
Jesus wëll eis fräi maachen, da gesi mir, datt Gott an eisem Liewen do ass : (dat kann an enger déiwer Erfahrung am Gebiet sinn, grad wéi am Ruffe vu Mënschen, eise Bridder a Schwësteren am Jesus, déi eis Hëllef brauchen. )
Da kënne mir a senger Nofolleg Mënsche vum Fridde ginn, déi sech fir Gerechtegkeet asetzen, Mënsche vun der Hoffnung, déi wëssen, datt Gott am Jesus mat eis ass, egal wat d’Liewe bréngt. 

Fais comme Dieu et deviens humain, personne humaine, cette phrase de l’évêque défunt de Limburg, Franz Kamphaus , m’a inspirée pour le thème de l’octave.
Dieu s’est homme en Jésus, par amour pour nous les humains. Jésus partage notre vie avec ses hauts et ses bas, avec ses expériences joyeuses comme avec ses expériences de souffrance, d’abandon et de mort. Il est avec nous.
Jésus s’est fait homme pour que nous ayons la vie en abondance, c. à d. unie à Dieu dans la foi, une vie qui fait sens.
En Jésus, Dieu a posé un nouveau départ qui permet à l'humain d'être très proche de Dieu, et ainsi d'être sauvé. Ou, pour le dire autrement: d’être libéré de tout ce qui détruit ou endommage la personne humaine, libéré du vide, et finalement libéré de la séparation avec Dieu, que nous éprouvons quand nous ne vivons pas pleinement notre humanité.
Jésus veut nous libérer afin que, en le suivant, nous devenions des personnes de paix qui défendent la justice. 
Il n’y a que Dieu pour nous aimer ainsi. L’incarnation de Jésus nous dépasse et en même temps elle nous invite à l’action de grâce et à l’émerveillement.

Dans l’évangile de St Luc, nous avons entendu Jésus, qui se manifeste dans la synagogue de Nazareth. Il parle d’annoncer la bonne nouvelle aux pauvres, d’ouvrir les yeux des aveugles, de libérer les captifs. 
Cette parole s’adresse aussi à nous ici maintenant.

Prenons un moment de silence et de prière personnelle- l’organiste va jouer de l’orgue- et que chacune chacun demande à Dieu dans son cœur e que Dieu nous aide à faire grandir ce qu’il y a de mieux en nous pour porter Jésus aux hommes et aux femmes d’aujourd’hui.

Huele mir eis ee Moment vu Stëllt a Gebiet, den Doumorganist spillt déi Zäit op der Uergel.
Jiddereen ka Gott a sengem Häerz froen, datt Hien hëlleft dat Bescht an him wuesse ze loossen, an esou Jesus bei d’Mënsche vun haut ze droen.

Amen.

Aus dem hellegen Evangelium nom Matthäus (Mt 9, 9-13)

Där Deeg een huet de Jesus e Mann, dee Matthäus geheescht huet, beim Oktroishaische sëtze gesinn,
an hie sot zu him: "Komm mir no!" Dunn ass de Mann opgestan an ass him nogaang. A wéi de Jesus am Haus bei Dësch war, kuck, du si vill Steierandreiwer a Sënner komm an hunn sech mat him an senge Jünger un den Dësch gesat. D'Pharisäer, déi dat gesinn hunn, soten zu de Jünger: "Firwat ësst äre Meeschter mat de Steierandreiwer an de Sënner?" De Jesus awer huet et héieren a sot: "Et sinn net déi Gesond, déi en Dokter brauchen, ma déi Krank. Dir awer gitt a léiert, wat et heescht: Baarmhäerzegkeet wëll ech, an net Affer! Ech sinn nämlech net komm, fir déi Gerecht ze ruffen, ma d'Sënner."


Zweet Oktavpriedegt: "Mënsch sinn - sou wéi mir sinn" (Mt 9, 9-13)

 

Léiwen H. Äerzbëschof,
Léiwen H. Weibëschof,
Léif Pilgerinnen a Pilger,

Mënsch sinn, sou wéi mir sinn : Eenzegaarteg, onverwiesselbar, fräi, begrenzt a verletzlech, wäertvoll, vu Gott geschafen, mat Stäerkten a mat Schwächten, mat gudde Säiten a mat méi eckege Kanten, ….an d’Lëscht kéint weidergoen. 
Ech gräifen e puer Aspekter op, déi mir wichteg sinn :

Jiddereen, all Mënsch ass wäertvoll, vu Gott geschafen als säi Bild, an dofir mat enger Dignitéit, déi keen eis ewech huele kann. 
D’Dignitéit vum Mënsch ass unantastbar, dat fanne mir souwuel an der Mënscherechtseserklärung vun 1948, an der Enzyklika « Pacem in terris » vu 1963, wéi selbstverständlech och an der Lëtzebuerger Verfassung.
De Mënsch dierf net op een Aspekt vu sengem Mënschsinn reduzéiert ginn, sief et seng Nationalitéit, säi Geschlecht, seng Relioun oder säi Bankkonto. Mënsch sinn ass ëmmer méi. Den Asaz fir d’Dignitéit vun all Mënschen dierf net ophalen.

Jiddereen ass eenzegaarteg. Di Eenzegaartegkeet ass e Kaddo, well mir domadder eng eegen Identitéit hunn, déi äis et erlaabt mat anere Mënschen a Kontakt ze trieden a mateneen an der Verschiddenheet eppes méi Grousses ze liewen.
Ech woe mol ze behaapten, datt Gott sech bei jidderengem vun äis besonnesch vill Méi ginn huet fir äis esou ze erschafe wéi mir sinn. Dann hoffen ech, datt mir all frou mat äis selwer sinn, sou wéi mir sinn. Mat eise gudde Säiten op déi mir houfreg sinn, a mat eise Begrenzungen, eise méi eckege Kanten, eise Verletzungen,déi mir gär verstoppen.

Gott huet de Mënsch fräi geschafen : Mir si keng Marionetten, déi u Seeler hänken a vu virera friem bestëmmt sinn. 
Gott léisst eis fräi z’entscheeden tëscht deem wat Liewe fërdert, an deem wat d’Liewen abiméiert oder zerstéiert. Hien wënscht sech natierlech, datt mir d’Liewe wielen, mee forcéiere kann hien eis net. Dat ass de Risiko, dee Gott agaangen ass, mat eiser Fräiheet.
Zur Fräiheet gehéiert och, datt de Mënsche ka wielen, op hie säi Liewen a Relatioun mat Gott, also am Glawe wëll liewen, oder ouni Gott. Gott bleift trei a senger Léift egal wéi mir eis entscheeden. 
Gott huet eis Gottesfäeg geschafen, fäeg hien ze kennen, hien huet eis net Gottesbedürfteg erschafe, datt mir net wiele kéinten, ob mir un Hien gleewen oder net.
Awer Fräiheet heescht net, datt ech nach Lust und Laune liewen, ouni Rücksicht op aner Mënschen. Meng Fräiheet hält do op, wou dem aner Mënsch seng ufänkt.

Zum Mënsch si gehéiert, datt mir Verantwortung fir eist Liewen iwwerhuelen. Dat ass eng Konsequenz vun der Fräiheet. Dat ass méi wéi op eege Féiss ze stoen. Et heescht Entscheedungen huelen an derzou stoen. Viru mir selwer a viru Gott grued ze stoen, ouni a Versuchung ze geroden aneren d’Schold fir mei Liewen ze ginn. 
Verantwortung droe mir och, fir d’Kierch a fir d’Gesellschaft. Dovunner méi an e puer Deeg.

Als Chrëschtinnen a Chrëschten si mir beschtens ausgerüst fir fräi ze liewen a Verantwortung ze iwwerhuelen : Bei eiser Daf hu mir Gottes Geescht geschenkt kritt, deen an eis lieft. Gottes Geescht stäerkt eis, wa mir an der Nofolleg vum Jesus ginn, an inspiréiert eis zu gudden Entscheedungen

Mënsch sinn sou wéi mir sinn : dat heescht fir eis Chrëschtinnen a Chrëschten, datt mir eist Liewen ëmmer nei vum Evangelium inspiréiere loossen an eis esou, wéi de Mathäus am Evangelium, vu Jesus sengem baarmhäerzege Bléck beréiere loossen.

De Jesus gesäit den Zöllner Mathäus, a seet zu deem : Komm mir no. 
Dem Jesus säi Bléck bleift net bei den Äusserlechkeeten hänken.  Hien gesäit am Mathäus net nëmmen den Zöllner, mee virun allem e Mënsch, dee Gottes Léift an Zouwendung brauch an deen dofir op ass.
De Jesus gëtt dem Mathäus ze verstoen, Du bass net an dem agespaart wat’s Du grad méchs. Du kanns dech verännere loossen, wann ns du mir nogees. Och du bass och e Mënsch, dee sou wéi hien ass, a Gottes Léift ass. An dës Léift bewierkt, dass du a menger Nofolleg dat Bescht an dat Gutt an Dir entdecks an et fir anerer asetze kanns. Komm mat, Du bass eenzeg an ech brauch Dech, ech huelen Dech an d’Gemeinschaft eran.

De Mathäus steet op, a geet dem Jesus no. Nach ni hat e Mënsch hien ugekuckt, sou wéi de Jesus, mat engem Bléck deen net verurteelt, mat engem Bléck deen opriicht. E Bléck voller Léift a Barmhäerzegkeet, deen dem Mathäus de Mutt gëtt, de Jesus bei sech heem z’invitéieren.

De Jesus setzt sech mam Mathäus un een Dësch, dat suergt fir Onversteesdemech bei de Léit, hire Bléck op de Mathäus huet sech net geännert, si gesinn an him nëmmen den Zöllner. 

Och mir brauchen de Bléck vu Jesus fir eist ganzt Mënsch sinn, net nëmme fir dat, wat an eis abiméiert ass.
Mir brauchen och dem Jesus säi gudde Bléck fir eis Talenter a Fäegkeeten ze erkennen a fir se zum Wuel vun aneren anzebréngen. Ouni e Bléck, dee wäertschätzt, ass et munchmol schwéier sech selwer wäertzeschätzen. Do si mir beim Jesus awer gutt opgehuewen. 

Wa mir äis wierklech esou unhuele wéi mir sinn, an eist Liewe gären ënnert de Bléck vu Jesus stellen, mat eise gudde Säite wéi mat eise Begrenzungen a Schwächten, dann hu mir am Glawe verstanen, datt Gottes äis grad duerch a mat eise Begrenzungen, eise Verletzungen seng onendlech Léift schenkt. 

Gott waart net drop datt mir perfekt sinn, fir äis gären ze hunn. Seng Léift ass gratis an absichtslos. De Jesus huet net zum Mathäus gesot : sou lo gëff emol jidderengem di Suen zréck, déis du de Léit ze vill ofgeknäppt hues, an dann iwwerleeën ech mir op ech dech ënner Ëmstänn a mäin Déngscht ruffe kann. 
Neen, déi absichtlos Léift, déi de Mathäus am Jesus erlieft drängt hien derzou säi Liewen ze änneren als fräiwëlleg Äntwert op Gottes Léift, déi sech am Jesus weist. 

Viru Gott kënne mir eis mat eis Schwchten weisen an se zouginn. Dat fält eis heiansdo schwéier. Villäicht well mir an äis Spuere vun engem eesäitegen an domat falsche Gottesbild droen, e Gott dee strooft, virun deem mir äis ganz kleng musse maachen, fir datt hien äis gären huet a verzeit. Et brauch vill Vertraue fir sech esou ze weise wéi mir wierklech sinn  an ech wënschen eis, datt mir dat, an eise Familljen, bei eise Frënn an an der Kierch erfuere kënnen. 
Dat heescht net, datt mir d’Hänn an de Schouss leen a soen, o Herrgott maach emol. Wann ech mech bewosst ënnert de Bléck vu Gott stellen, seng Léift unhuelen, da well ech mech zum Gudde verännere loossen, a mech mat dorunner bedeelegen, datt méi Liewe méi ganz ass. Gottes absichtslos Léift léisst fräi, a grad doduerch mobiliséiert si datt Bescht wat an äis ass. Gott handelt net géint eise Well.

Wa mir dat erkannt hunn, da kënne mir mam Psalmist bieden : Herrgott, ech soen Dir Merci, dass Du mech esou wonnerbar erschafen hues. 

Être humain, personne humaine tel que nous sommes, uniques, aimés, créés libre, limités et vulnérables, avec nos points forts et nos faiblesses, doté d’une dignité qui ne peut être niée.
Dieu nous aime tels que nous sommes, car il a créé toute personne avec amour. Si nous en sommes conscients, cet amour nous permet à nous aimer à notre tour dans notre unicité et en même temps nous encourage en toute liberté  à travailler sur nous-mêmes, à nous laisser convertir pour devenir davantage cette personne que Dieu voit en nous.
L’évangile de l’appel du collecteur d’impôts Mathieu nous rappelle que Jésus n’est pas venu pour appeler les justes, mais les pêcheurs. Le regard miséricordieux que Jésus a posé dur Mathieu a changé sa vie. Mathieu s’est relevé pour être la personne que Dieu voit en lui.
Si nous osons nous montrer à Dieu tels que nous sommes aussi avec ce que nous n’aimons pas en nous, il en fera quelque chose de beau.
Dieu n’attend pas que nous soyons parfaits, pour nous aimer. Il ne pose pas des conditions. Il se réjouit de tout cœur si nous accueillons son amour et son pardon dans notre vie. C’est justement son amour gratuit qui nous permet de grandir et de partager cet amour avec d’autres. 
Notre vie en sera changé et nous pouvons prier avec le psalmiste : « Seigneur, je reconnais devant toi le prodige, l'être étonnant que je suis : 

Je nous invite à prendre un moment de silence et de prière pour mettre notre vie sous le regard de Jésus et de lui dire soit notre action de grâce pour la personne que nous sommes, soit lui demander sa miséricorde pour que qqch dans notre vie puisse changer. 

Ech invitéieren eis zu engem Moment vu Stëllt a Gebiet, wou mir eist Liewen ënnert de Bléck vum Jesus stellen an Him entweder eise Merci soe fir dee Mënsch dee mir sinn oder fir Seng Barmhäerzegkeet ze froen, datt an eisem Liewen eppes ännere kann. 

Amen.

Aus dem hellegen Evangelium nom Lukas (Lk 7,1-10)

Nodeems de Jesus mat senger Ried un d'Vollek fäerdeg war, ass hien a Kapharnaum eragaang. E Centurio hat en Dénger, op deen hie grouss Stécker gehal huet. Dësen Dénger war krank a louch um Stierwen. Wéi elo de Centurio vum Jesus héieren huet, huet hien déi jüddesch Eelst bei hie geschéckt, fir hien ze bieden, datt hie kommen an den Dénger rette sollt. Si si bei de Jesus komm an hunn hien drëm gebieden, an si soten: "De Centurio ass et wäert, datt s du him säi Begier erfëlls, well hien huet eist Vollek gär, an hien huet äis d'Synagog gebaut." De Jesus ass mat hinne gaang, ma wéi hien net méi wäit vum Haus ewech war, huet de Centurio Frënn geschéckt, fir him ze soen: "Här, beméi dech net! Ech sinn net gutt genuch, datt s du bei mech heem kënns. Dowéinst hunn ech mech och net fir wäert gehal, fir selwer bis bei dech ze kommen. So nëmmen ee Wuert,
da gëtt mäi Kniecht gesond! Och ech sinn nämlech e Mënsch, deen enger Autoritéit ënnersteet, an ech selwer hunn Zaldoten ënner mir. Wann ech zu deem enge soen: 'Géi!', da geet hien, an zu deem aneren: 'Komm!', da kënnt hien, an zu mengem Dénger: 'Maach dat do!', da mécht hien et." Wéi de Jesus dat héieren huet, huet hien sech iwwer de Mann gewonnert, an hien huet sech zu deene ville Leit, déi him nogaang sinn, gedréit a sot: "Ech soen iech: An Israel hunn ech keen esou grousse Glawe fonnt!" Wéi déi Leit, déi vum Centurio bei de Jesus geschéckt gi waren, hannescht an d'Haus gaang sinn, hunn si gesinn, datt den Dénger nees gesond war. 


Drëtt Oktavpriedegt: Mënsch si mat aneren : Mat Verschiddenheet liewen (Lukas 7, 1-10)

 

Léiwen H. Äerzbëschof,
Léiwen H. Weibëschof,
Léif Pilgerinnen a Pilger

« Alles wirkliche Leben ist Begegnung. Wenn wir aufhören, uns zu begegnen, ist es, als hörten wir auf zu atmen.“ Dëst bekannten Zitat vum Martin Buber, dréckt aus, wat mir aus Erfarung wëssen : Begéinungen si Wesentlech fir eist Mënsch sinn. Da gëlt am tëschemënschleche Beräich, wéi op internationaler Ebene ; di sëllege Friddensverhandlungen déi an de leschte Woche stattfonnt hunn -mat méi oder manner Erfolleg-  soen eis dat. 
Zum Mënsch si gehéiert datt mir eis a Bezéiungen entdecken an entwéckelen: sief dat an der Bezéiung mat anere Mënsch, an der Bezéiung mat Gott oder der Schëpfung. Nëmme sou gi mir wierklech Mënsch

Et gëtt Begéinungen, déi veränneren e Liewen, well se déif an eis eppes beréiere Z.B : D’Begéinung mat deem Mënsch, mat deem zesummen duerch d’Liewe wëlle goen ; 
E Gespréich wat Verzeien a Versönung no enger Situatioun vu Sträit a Géintenaner bréngt. 

Am Evangelium hu mir lo grad vu Begéinungen héieren, déi Liewen zum Gudde verännert hunn 
E réimesche Kommandant, e Centurio, e Réimer, léisst de Jesus ëm Hëllef froen. Fir d’éischt duerch déi Eelst vun de Judden, dann duerch Frënn. Begéinungen, déi all duerch de Wonsch an d’Suerg vum Kommandant motivéiert sinn, datt Jesus den Dénger heelt. 
An d’Wonner geschitt : den Dénger gëtt vum Jesus geheelt.

De Kommandant weess, dat hien d’Heelung net einfach esou akloe kann, dofir bied hien de Jesus an aller Héiflechkeet (duerch déi Eelst vun de Judden a seng Frënn säin Dénger ze heelen. Nach méi, de Centurio dréckt dem Jesus säin absolut Vertrauen aus : So nëmmen ee Wuert a mäi Kniecht gëtt gesond. 
Et ass déi 1. Kéier am Lukasevangelium, datt de Jesus vun engem heednesche (net jüddesche) Mënsch ëm Hëllef gefrot gëtt. De Jesus erkennt de Glawe vum Centurio, onofhängeg vu senger Zougehéieregkeet zu engem bestëmmte Vollek.
E bësse bedaueren ech, datt de Lukas näischt schreift, ob de Jesus an de Centurio sech perséinlech vun Angesicht zu Angesicht begéinen. Mee vläicht war dat jo guer net néideg, well de Centurio ass dem Jesus begéint, an der Déift vu sengem Häerz. 
Besonnesch huet mech an dësem Evangelium beréiert, datt Mënschen, déi verschidde sinn, (Judden a Réimer) a sech am Alldag vläicht net ëmmer gutt gesënnt sinn, sech fir eng gutt Saach aspane loossen : d’Ufro vum réimesche Kommandant un de Jesus, datt de Kniecht geheelt gëtt. Do si Mënschen, déi sech selwer e Stéck konnten zréckhuelen, fir enger gréisserer Saach ze dengen.

Begéinunge mat Mënschen, déi « anescht » sinn, eng aner Nationalitéit, eng aner Relioun , eng aner Kultur kënnen eist Liewe veränneren, wa mir dofir op sinn.
Mat Verschiddenheet ze liewen, gehéiert zu eiser Realitéit. Dat ass eng Erausfuerderung sinn, well Verschiddenheet bedeit och emol seng eege Virurteeler oder schlecht Erfarungen op d’Säit ze stellen a sech selwer a Fro ze stellen.

Et kann awer grad sou gutt eng Beräicherung sinn, well jiddereen sech an der Begéinung ka weider entwéckelen. 
Verschiddenheet ass eng Beräicherung, well am Matenaner entwéckelen sech Dynamiken, déi eisen Horizont méi weit maachen, an déi et erméigleche gemeinsam Projet ze maachen. Am Zesummen si mat aneren entwéckele mir äis, léieren eis Stäerkten zum Wuel vun eppes méi Groussem anzesetzen, mir léiere Frustratiounstoleranz. 
D’Erfarung zesummen eppes ze beweegen, sief et an der Famill an engem Veräin, an der Kierch, gëtt eis Mutt an Hoffnung, datt d’Realitéit zum Bessere verännerbar ass. Ech denke besonnesch un d’soziaalt Engagement fir Mënschen a Nout, sief et zu Lëtzebuerg oder am Ausland. 
Dat d’selwecht gëllt och fir eise Glawen :  De Jesus huet Mënschen a seng Nofolleg geruff, an si zu enger Gemeinschaft zesummegeféiert. 
Léiere mat Verschiddenheet ze liewen an de Mënsch ze respektéieren, deen anescht ass wéi mir, ass eng Erausfuerderung fir elo. Zur Demokratie gehéiert, datt d’Würd vun all Mënsch unantastbar ass, datt all Mënsch di gläich Rechter huet, an och di gläich Pflichten. 
Mir erliewen awer op ville Plazen an der Welt, datt Politikerinnen a Politiker dat net méi sou gesinn, an d’Fundament vun der Demokratie a Fro stellen.
Nom Motto, fir d’éischt d’Stackawunner vum Land, an da richt déi aner. Wa bis geschwat gëtt vu mir an di aner, da si mir als Biergerinnen a Bierger, grad wéi al Chrëschtinnen a Chrëschte gefuerdert, am Numm vun der Mënschlechkeet ze reagéieren. 

Verschiddenheet gehéiert och zur Kierch vu Lëtzebuerg.
2025 hunn hei am Land Mënsche mat 180 verschiddene Nationalitéite gewunnt. 
Dës Vilfalt fanne mir och an der Kierch hei zu Lëtzebuerg . 
Wéi gi mir domadder ëm ? 
Mir kënne betoune wat eis trennt : d’Sprooch, di reliéis wéi déi kulturell Identitéit, 
Mir kënnen awer och betounen wat eis eent : all si mir gedeeft a gläichwäerteg Memberen vun der Kierch hei zu Lëtzebuerg. 

A jee nodeem wéi eis ënner Astellung oder eis Erfarunge sinn, betoune mir méi dat wat trennt oder dat wat eent.
Ech well eis invitéieren, vun deem auszegoen, wat eis eent : di gemeinsam Daf. 
All, déi mir gedeeft sinn, an hei zu Lëtzebuerg liewen, si mir zesummen d’Kierch zu Lëtzebuerg. Zesumme kënne mir eng lieweg Gemeinschaft sinn déi d’Freed vum Evangelium austrahlt. Matenee kënne mir eng Gemeinschaft sinn an där Geschwësterlechkeet, Bridderlechkeet gelieft ginn, an dem Herrgott senger Mënschefrëndlechkeet e Gesiicht ginn. Domat weise mir, datt Chrëschtinnen a Chrëschten en aner Ëmgang pfleegen, well eng Suerg do ass, datt jiddereen wëllkomm ass ,datt jiddereen seng Plaz huet oder fënnt. 
Matenaner geet net vum selwen och net an der Kierch, an et brauch vill Gespréicher an Zäit fir sech kennen ze léieren grad wéi gegeebenenfalls Schwieregkeeten ze benennen an zesummen no Léisungen ze sichen. Et brauch och Momenter fir Mateneen ze streiden, am Matenee streide leit d’Sich no enger gudder Léisung, Et brauch Respekt, Gedold a Gebiet. Et brauch virun allem de Wëllen et ze maachen. Da gett Verschiddenheet eng Chance, well als Kierch vu Lëtzebuerg, kënne mir da Mënsche mat vill verschiddenen Sproochen a Kulturen eng Méiglechkeet ginn hire Glawen ze feieren an ze liewen. 
D’Oktav ass eng Geleeënheet fir Kierch vu Lëtzebuerg an hirer Verschiddenheet ze erliewen an ze schätzen. D’Messe du peuple de Dieu e Sonndeg, war e schéint Erliefnes dovunner.
Gemeinsam Feieren an eise Paren a Gemeinschaften, wéi z.B. d’Kiermes, den Eerläichendag, d’Firmung oder anerer, maache Raum op fir sech ze begéinen. Wann een sech begéint, de Glawe matenee feiert, da léiert een sech kennen a schätzen a matenee Kierch sinn

Être humain avec d’autres c’est aussi composer avec la diversité. C’est une réalité dans notre pays.
En 2025, la population au Luxembourg comptait 180 nationalités différentes 
Cette diversité fait le visage du Luxembourg.

Nous retrouvons cette réalité au sein de l’Église ici au Luxembourg : 
Comment est-ce que nous vivons avec cette diversité ? 
Nous pouvons mettre l’accent sur ce qui nous divise : la langue, l’identité religieuse et culturelle, 
Nous pouvons aussi mettre l’accent sur ce qui nous unit : nous sommes toutes tous baptisés et membres égaux de l’Église à Luxembourg. 

Je voudrais nous inviter à partir de ce qui nous unit : notre baptême commun. 
Toutes et tous baptisés , habitant au pays, nous formons ensemble l’Église à Luxembourg. Ensemble, nous pouvons être une communauté vivante qui rayonne de la joie de l’Évangile. Nous pouvons former une communauté où l’amour fraternel est vécu, car Jésus marche avec nous. Ensemble, nous pouvons donner un visage à la compassion de Dieu et montrer que les chrétiens pratiquent une manière différente d’entrer en relation les uns avec les autres.

Vivre et célébrer ensemble dans nos diversités ne va pas de soi, il faut beaucoup de dialogue et de temps pour apprendre à se connaître les uns les autres, ainsi que pour surmonter les difficultés. 
L’évangile d’aujourd’hui peut nous inspirer : Le centurion romain qui désire que Jésus guérisse son serviteur malade, contacte les nobles juifs et ses amis pour qu’ils interviennent auprès de Jésus. Des personnes qui se côtoient peu, dans le quotidien acceptent de se laisser engager pour une bonne cause commune, que Jésus guérisse le serviteur malade. 
Ensemble nous sommes appelés à être Église à Luxembourg.

Prenons un moment de silence et de prière :
Nous pouvons remercier le Seigneur pour une expérience qui nous a fait découvrir la diversité comme une richesse, 
Ou alors prier pour une situation où la diversité est vécue comme un obstacle.

Ech invitéieren zu engem Moment vu Stëllt a Gebiet
Mir kënne Merci soe fir eng Begéinung , an där mir Verschiddenheet als e Räichtum erlieft hunn,
Oder fir eng Situatioun bieden, an där Verschiddenheet als Hënnernes erlieft gëtt. 

Amen.

Priedegten an der Soundcloud

Lauschtert d'Oktavpriedegten aus der Kathedral