lb | fr | pt | en |
D’Mass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf de 27. Juni vun Habscht iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 27. Juni aus der Kierch vun Habscht iwwerdroen. Déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht huet gesong a gouf begleet vum Organist a Virsänger Abbé Joël Santer. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
D’Sonndesmass zu Habscht
Erëm eng Kéier invitéiert d’Par Äischdall-Helpert St-Willibrord zur Matfeier vun der Sonndesmass aus der Nikloskierch vun Habscht. Zesummen wëlle mer äis um Sonndegmueren eng Stonn huelen, fir äis zesummen ze bieden an ze sangen, fir dem Härgott säi Wuert ze lauschteren a fir Eucharistie ze feieren. Eis Mëttelen si bescheiden, mä et geet jo nët ëm dat Äusserlecht, mä et geet ëm eng inneg Bezéiung zu Jesus Christus.
Am Evangelium vum Sonndeg seet de Jesus zum Meedchen: „Stéi op!“ (Mk, 5,41). Och mir wëllen äis nët goë loossen, mä ëmmer erëm opstoën fir am Glaawen no vir ze goën: doheem, op der Aarbecht an an der Schoul, an der Fräizäit, an Spideeler, Alters- a Pflegeheemer. Mir all gi mat der Hand geholl a gefouert, well Gott sech fir äis all interesséiert. „Dieu nous accueille en sa maison, Dieu nous invite à son festin“ (sange mer am Ufankslidd).
Häerzlech Invitatioun un Iech all!
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée / Uergel | Improvisatioun iwwer d’Ufankslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Dieu nous accueille en sa maison | LD 103 |
Kyrie | Kyrie | LD 125 |
Gloria | Gloria | LD 148 |
Alleluia | Halleluja | LD 192 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Improvisatioun | |
Sanctus | Saint! Saint! Saint | LD 243 |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | LD 279 |
Kommioun | Improvisatioun | |
Schlusslidd | Il avait du feu dans le cœur | LD 535 |
Sortie | Praeludium und Fuga in C dur BWV 557 | Johann Sebastian Bach |
Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht
Uergel a Virsänger: Abbé Joël Santer
- D’Sonndesmass gouf um Schlussoktavsonndeg aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Sir iwwerdroen
- D’Mass um 2. Adventssonndeg gouf vu Stengefort iwwerdroen
- Um Ouschtersonndeg gouf d’Sonndesmass vun Hueschtert (Nidderanven) iwwerdroen
- D’Mass um 32. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Iechternach iwwerdroen