lb fr pt en
Joer B  
26. November 2015

19. Sonndeg am Joereskrees B

Joh 6,41-51

41 D’Judden hunn iwwer de Jesus geknoutert, well hie gesot hat: “Ech sinn dat Brout, dat aus dem Himmel erofkomm ass”,

42 an si soten: “Ass deen do dann net de Jesus, dem Jouseph säi Jong? Kenne mir net säi Papp an seng Mamm? Wéi kann hien elo soen: ’Ech sinn aus dem Himmel erofkomm’?”

43 De Jesus huet hinne geäntwert: "Haalt op, ënnereneen ze knouteren!

44 Et ka kee bei mech kommen, et sief dann, de Papp, dee mech geschéckt huet, géif hien unzéien; an ech, ech loossen deejéinegen dann op Jéngsterdag operstoen.

45 Bei de Prophéite steet geschriwwen: Si ginn alleguer Schüler vum Herrgott. Jiddereen, deen op de Papp lauschtert a vun him léiert, kënnt bei mech.

46 Et ass net, wéi wa scho jee iergendeen de Papp gesinn hätt; nëmmen deejéinegen, dee vum Herrgott hier ass, huet de Papp gesinn.

47 Amen, amen, ech soen iech: Wie gleeft, huet éiwegt Liewen.

48 Ech sinn d’Brout vum Liewen.

49 Är Pappen hunn an der Wüüst d’Manna giess, an si si gestuerwen.

50 Dat hei awer ass d’Brout, dat aus dem Himmel erofkënnt, fir datt deen, deen dervun ësst, net stierft.

51 Ech sinn dat liewegt Brout, dat aus dem Himmel erofkomm ass: Wann ee vun dësem Brout ësst, da lieft hien an Éiwegkeet; d’Brout, dat ech ginn, dat ass mäi Fleesch fir d’Liewe vun der Welt."

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu