lb | fr | pt | en |
Gebuert vum Här - Fréimass ABC
Lk 2,15-20
15 Wéi d’Engele vun den Hierde fortgaang waren an den Himmel, soten d’Hierden zueneen: “Loosse mer dach bis op Bethlehem goen an äis dat ukucken, wat geschitt ass a wat den Här äis matgedeelt huet!”
16 Si hunn sech geflass, fir dohinner ze goen, an si hunn d’Maria an de Jouseph fonnt an d’Këndchen, dat an enger Krëpp louch.
17 Wéi si dat gesinn hunn, hunn si erzielt, wat hinnen iwwer dëst Kand gesot gi war.
18 All déi, déi et héieren hunn, hunn sech iwwer dat gewonnert, wat d’Hierden hinne soten.
19 D’Maria awer huet sech all dës Wierder gemierkt an an hirem Häerz driwwer nogeduecht.
20 Wéi d’Hierden hannescht bei hir Häerd gaang sinn, hunn si den Herrgott verherrlecht a gelueft fir dat, wat si héieren a gesinn haten – et ass alles esou gewiescht, wéi et hinne gesot gi war.