lb | fr | pt | en | de |
Et gëtt héich Zäit!
E perséinleche Gedanken zu iwwer-iwwer-iwwer-muer
Léif Leit, et gëtt héich Zäit!
Wéi war ech dach erliichtert, wéi ech d’lescht Woch beim Futtball op der Tëlee den éischte Christmas-Béier drénke konnt. Endlech, duecht ech, mir hu jo schonn Enn September. Geschmaacht huet en zwar net no Chrëschtdag - wéi schmaacht dat iwwerhaapt? -, mee ëmmerhin, e war do. Ee Moment hunn ech gezéckt: Soll dee sech iwwerhaapt bis Chrëschtdag halen? E séiere Bléck op d’Etiquette an ech war berouegt, bis Ouschterméindeg d’nächst Joer ass e gutt. Uff a Prost!
Wéi war ech dach erliichtert, wéi ech e puer Deeg drop, schonn den éischte Kalenner fir 2017 ongefrot an der Boîte hat. Et kann een net fréi genuch un iwwer-iwwer-iwwer-muer denken, sot ech mir. Eigentlech hätte se dee fir 2018 gläich kéinte matschécken, da wier dat och scho gemaach.
Wéi war ech dach erliichtert, wéi ech ufanks dëser Woch bei mengem Bäcker den éischte Stollen op der Théik gesinn hu leien, am schéinste Chrëschtdekor. Firwat bis no Allerhellgen domadder waarden, duecht ech, wat gemaach ass ass gemaach.
Wann et héich Zäit gëtt, un all dëst an nach vill aneres ze denken, wat mir kaum erwaarde kënnen an es scho midd sinn, wann et dann - endlech oder éischter vill ze spéit - do ass, gëtt et dann net och schonn héich Zäit, fir ze deelen, fir eis generéis ze weisen? D’Zäit ëm d’Feierdeeg an tëscht de Joren léisst eis - Gottseidank - och un anerer denken, firwat net elo schonn domadder ufänken, wa mir och mam ganze Rescht scho laang amgaange sinn?
An deem Sënn: Léif Leit, et gëtt héich Zäit... un anerer an un aneres ze denken!