lb fr pt en
Priedegten  
20. Mee 2019

Bleif bei eis – mee, wou kann ech Dech an Uecht huelen? / Phil 2, 6-11.13

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Abbé Guy Diederich (20. Mee 2019)

Hiféierung

Ass bei Iech schonn e Wonner geschitt? Wa méi Wonner géife geschéien, da wéisste mir vill besser, wou mir am Glawen dru wieren, da wéisste mer, wou den Herrgott ze fannen ass.

Mee, Wonner si rar; ass dat wierklech esou?

De Mënsch sicht zanter Jordausenden nom Herrgott. Heiansdo taaschte mer am Däischteren, heiansdo wou et hell ass. Am Jesus ass d’Liicht, mat Him kéinte mer an eiser Sich viru kommen.

„Ubi caritas et amor, Deus ibi est“ (wou Baarmhäerzegkeet a Léift ass, do ass Gott).
Dir wäert staunen, wann Der drun erënnert gitt, datt den Herrgott do ze fannen ass, wou mer all schonn dacks waren.

Léiwen Här Äerzbëschof Jean-Claude,
Léif aner Frënn alleguer,

Fir unzefänke wëll ech Iech direkt eng ganz eegenaarteg Geschicht erzielen. Dir wësst, ech schaffen ënner anerem och schonn zanter bal 30 Joer an der Aumônerie vum CHL.

Do ass dat heie geschitt, et wäerte bal 25 Joer hier sinn. Deemools war et nach de Brauch, an et war och nach erlaabt, datt d’Leit aus der Aumônerie am Spidol porte-à-porte gemaach hunn, fir di Krank ze besichen. Do, wou een e Besoin hat fir am Kontakt ze bleiwen, och emol e Sakrament ze ëmfänken, do hu mer eis opgehal. Hu mer awer gespuert, datt eis Visite fir de Patient net wichteg war oder onerwënscht, dann hu mer eng gutt Besserung gewënscht a si bei déi Nächst gaangen. Haut ass et esou, datt wéinst dem Dateschutz, dem Anonymitéitsrecht an der reliéiser Neutralitéit, mir nach just dohin dierfe goen, wou d’Leit et explizit froen. Entre parenthèses elo hei gesot: wann eng Kéier ee vun Äre Leit oder Dir selwer am Spidol sidd an Dir hätt gäre Kontakt mat der Aumônerie, da musst Dir dat beim Personal mellen, déi setzen Iech dann op eng speziell Lëscht vun deene Patienten, wou et dem Aumônier erlaabt ass, dohin ze goen.

Mee komme mir zréck zu eiser Geschicht: Virun 25 Joer kommen ech an e Krankenzëmmer mat dräi Patientinnen dran. Zwou louchen der am Bett an eng eeler kleng Damm, déi souz op hirem Bett bei der Fënster. Ech hu mech virgestallt: „Gudde Moien, ech sinn den Aumônier.“ Déi zwou am Bett hu frëndlech geäntwert: „Gudde Moien.“ Mee, di kleng Damm bei der Fënster huet ganz erstaunt an opgereegt nach eng Kéier gefrot: „Wee sidd Dir?“ Ech hunn do nach eng Kéier méi haart gesot: „Ech sinn den Aumônier!“ – „Wee sidd Dir???“ ech duecht, déi weess net wat en Aumônier ass an do sot ech: „Ech sinn de Paschtouer hei vum Spidol!“

Do huet Bomchen d’Hänn um Kapp zesummegeschloen, 3, 4 Mol an huet geruff: „E Wonner ass geschitt, e Wonner ass geschitt, e Wonner, e Wonner!!“

„Maacht emol lues, sot ech hir, dat geet net esou séier Madame, wou ass dann elo hei e Wonner geschitt?“ An do sot déi Frächen: „Ma ech hunn elo viru 5 Minutten zum Pater Ruppert Mayer gebiet a sot: „Schéck mer emol den Aumônier laanscht!“ an deen éischten, deen dono d’Dier opmécht, dat ass den Aumônier, elo ass e Wonner geschitt!“

Ech muss Iech agestoen, ech hat en eegenaartegt Gefill, an ech hunn d’Geschicht bis haut net vergiess an ech hat mer och virgeholl, wann ech eng Kéier op München kéim, da géing ech um Pater Ruppert Mayer säi Graf goen. Mee, well ech net vill reesen…

„Et geschéien haut keng Wonner méi“, soe vill Leit. Et war emol en Dechen op der Musel, deen hat sech an engem Bréif u seng Paschtéier iwwert den Zoustand vun der Kierch beklot, an do huet hie ganz resignéiert geschriwwen: „Auch wir in unserem Alter können keine Wunder mehr wirken!“

Wa mer an dëser Oktav bieden „Bleif bei eis Här!“, da wier et jo ganz flott, wann hie mat engem Wonner géing äntweren, mee, mee, mee…

E richtegt Wonner ass och net ëmmer dat, wat mir mengen (dee mengt, dee weess näischt!). Eppes Grandioses, mengen der vill, wou d’Gesetzer vun der Natur op eemol net méi gëllen, wou matzen am äiskale Wanter eng Rous blitt oder d’Sonn deen anere Wee dréit oder e Kranken op eng Manéier, déi kee versteet, op eemol gesond gëtt, oder wann eppes Verluerenes erëmfonnt gëtt. Fréier haten der esouguer gemengt, datt si, well si esou „gutt“ sinn an der Krichsschluecht, iwwer di „Béis“ Meeschter gi sinn, dat soll e Wonner gewiescht sinn. „Gott mit uns!“ oder „Dieu le veut!“ Et gëtt déier nach haut.

Dat ass et net: d’Wonner ass dee Moment, wou e Mënsch an iergend enger Saach oder an iergend eppes wat geschitt, d’Spuere vum Herrgott erkennt. Dat kann an engem onerkläerleche Naturphenomen sinn, mee et muss awer net. Gott hëlt Däin a mäin deeglecht Liewen esou eescht, datt hien eis op Schratt an Tratt am Alldeegleche begéine wëllt. „Bleif bei eis a looss eis spieren, datt s Du do bass!“

Wann ech a mengem Liewe ganz douce a ganz vague matkréien, datt Gott mech net kal léisst, dat ass e Wonner, esouer geschéien dacks!

Wann ech Gott ganz massiv an Uecht huelen a staarken Zeechen, dat gëtt et och, mee et geschitt ganz rar. De Moses hat den Herrgott am Donnerwieder begéint, den Elias an enger doucer Lëftchen, also et ginn di zwee.

Fir mech war dat éischt Wonner an der Weltgeschicht, deemools, wéi e Primat a sengem Fillen an Denken nach ganz verschleiert an ondäitlech gespuert huet, datt ee Gott oder eng Gottheet iwwert oder nieft him ass. Deen oder déi, déi dat fir d’alleréischt gespuert hunn, dat war fir mech deen éischte Mënsch, dat ass de sechsten Dag vun der Schöpfung. Mat dem éischte Mënsch – dat éischt Wonner; et war een do, dee gespuert huet, datt e Gott do ass.

Mee, dat ass ganz laang hier. Ech hat eng Kéier zu Rued mat de Kanner an der Mass rieds iwwert d’Erschaafung vum Mënsch, an do sot ech: „Dat ass alles scho ganz laang hier, do war vun eis nach keen do!“ An do huet e Bouf, de Bob, gesot: „Ouh! Mäi Bop awer schonn!“ De Jong hat net zu 100 % Onrecht, well säi Bop, dee ka grad esou wéi s Du an ech derbäi sinn, wa Gott an Uecht ze huelen ass, wéi um 6. Schöpfungsdag.

An elo kënnt et: Bei eis ass et net méi grad esou verschleiert an ondäitlech, wéi bei deenen éischte Mënschen. Mir hunn eng immens Chance, well de Jesus-Christus virun eis op der Welt war, an, wa mir eis Hie virstellen, da kënne mer eis Gott virstellen. „Hie war wéi Gott“ seet de Paulus an deem, wat elo grad gelies gouf, hien huet awer net gedonnert a geblëtzt an d’Naturgesetzer op d’Kopp gehäit, fir och als Gott erkannt ze ginn, mee hien huet sech kleng gemaach, wéi e Sklav an ass Mënsch ginn, grad ewéi mir.

Am Jesus begéint den Herrgott der Mënschheet oder der ganzer Schöpfung an dofir – well hien ewéi Gott ass – hält hie guer net drop, ewéi e Gott geéiert an eskortéiert ze ginn, mee hie wëllt de Mënsch erléisen.

– Bleif bei eis! A wou bass Du?

Hien ass do, wou ech d’„Erléisung“ erliewen. Dat ass elo esou e Paschtoueschwuert – Kierchejargon. „Erléisung“, dat misst e bëssen erkläert ginn, well wann an enger Priedegt e puer esou Paschtéieschwierder dra sinn, da lauschtert kee méi no. Dann ass den Uschloss verpasst, wéi wann och nëmmen ee Meter Gleis beim Tram feelt, da kënnt een net méi virun: „Erléisung“, do gëtt eppes lassgemaach, wat virdrun ugestréckt oder gebonne war.

„Erléisung“, do ginn ech, an do gëss Du – lassgemaach – virun deem, wat eist Liewen enk an onfräi mécht. Ech ginn duerch de Jesus erléist, dat heescht: ech kréie méi Plaz, e fräie Raum fir ze liewen, ze denken an ze fillen. Déi Sachen, wéinst deenen ech mech am léifsten an en enkt, däischtert Mauslach verstoppe géif, déi sinn op eemol net méi wichteg.

– Wou ass den Herrgott ze spieren?

„Ubi caritas et amor Deus ibi est!“ Baarmhäerzegkeet a Léift, Guttheet a Gratuitéit.

Den Herrgott ass do ze spieren, wou net alles nogerechent gëtt! Mir sinn ëmmer ërem an der Versuchung ze denken, mir missten eis alles (oder villes) verdéngen, an da rechne mer no, wéi wäit mer kommen.

Léif Frënn, keng Angscht, dass Du Dech verrechens, well den Herrgott begéins Du do, wou alles gratis verdeelt gëtt! Haut heescht dat „eng Geschenkkultur“. Ech hu scho Leit begéint, déi versuerge bei engem Begriefnis all eenzel Visitekärtchen, an da gi se vun do un nëmme mat deene begruewen, déi och um leschte Begriefnis an hirer Famill derbäi waren oder en Don gemaach hunn.

Léif Frënn, Dir spiert, wéi dat an d’Lächerlecht geet, an ech weess, Dir spiert och, datt Gott do ze begéinen ass, wou s Du seess: „Dat do war e gudde Mënsch!“ Oder esou guer: „Dat do war en aarmt Schwäin, ech gi mat begruewen, well dëse Mënsch mech eppes ugeet, egal wat hie verdéngt oder wéi eng Meriten hien huet.“ Gott ass do, wou de Mënsch mech eppes ugeet.

Den Herrgott ass ze spieren do, wou mer grad ewéi de Jesus „gehorsam“ sinn, dat seet de Paulus och am Philipperbréif, deen elo gelies gi war. „Gehorsam“ – erëm e Wuert, wat an d’Kierch passt, et ass kee frou dermat an ënner eis gesot: wat huet „follechen“ mat „fräi sinn“ ze dinn? „Gehorsam“ esou wéi de Jesus et war, dat ass d’Lauschteren op dem Herrgott säi Wuert. Fir „follechen“ soe mer jo op lëtzebuergesch: „Ma da lauschter dach!“ Lauschteren op e Wuert, dat net norechent, wat vu Verzeien an Erbaarmen a Léift schwätzt. „Gehorsam“ – lauschteren – dat geet besser, wann ech mer heiansdo Rou a Stëllt vergonnen.

Gott ass ze begéinen an der Stëllt. Do kanns Du all Kéier (am beschten all Dag) gewuer ginn, datt den Herrgott Dir a mir e fräie Raum fir ze liewe schenke wëllt, e Raum an en Zoustand, deen esou fräi ass, datt hien och no Kräiz an Doud net ophält. „Gehorsam bis zum Tod“ ass Vertrauen, datt s Du och a Kräiz an Doud net verluer gees.

Den Herrgott ass awer och ze spieren, wann s Du oder ech Fräiraum fir anerer schafen, wou et net drop ukënnt, ween de Chef ass (de klengen Herrgott), mee wou jidderee genuch Liewensraum huet, fir frou ze sinn a Fridden ze hunn (do ass de groussen Herrgott dee Richtegen). „Ubi caritas et amor, Deus ibi est.“

An elo nach eng aner Plaz, wou ech dem Herrgott begéine kann, an dat ass um Kräiz. Am Jesus gëtt Gott verstouss, gekräizegt. „Wou war den Herrgott zu Auschwitz? wou den 11. September 2001? wou am Jemen? wou op Sri Lanka? Wou? Wou? Wou? Hie war do, mee um Kräiz. Um Kräiz kanns Du Erléisung, Operstéiung a Gottesléift net direkt erkennen. Et ergeet Dir, wéi de Jünger. Si hunn den Ubléck net ausgehal a si fortgelaf. An de Jesus, deen drun hung, huet selwer geruff: „…mäi Gott, firwat hues Du mech aleng gelooss?“ (Ech weess net, ob et Iech schonn opgefall ass, de Jesus, deen eis geléiert huet: „Pappa“ – „Abba“ fir den Herrgott ze soen – hei um Kräiz geet dat och net méi bei him. Keen „Abba“ (Pappa) méi, mee: „Mäi Gott, mäi Gott – Eli, Eli…“)

Fir ze spieren, datt Gott och um Kräiz bei mir ass, do dierf ech op d’Kräiz kucken, gutt kucken a laang kucken an der Stëllt.

Ech gesinn de Mënsch Jesus, dee Gott gläich war, an der Peng hänken, an dann dierf ech denken: „Muss ech dann dësem Leed do nach anert derbäi machen?“ – an dat nëmme fir ze weisen, datt ech rosen an a mengem Stolz blesséiert sinn? Ass dat et derwäert, ass dat néideg, geet dat heite Kräiz dann net duer?

Wann ech d’Kräiz laang genuch kucken, da kann ech den Herrgott spieren, dee mer ze verstoe gëtt: „Dat Kräiz hei geet duer, et musse keng anerer derbäi kommen, mat deenen s Du Dech selwer wëlls rechtfertegen!“

Bleif bei eis, a looss d’Wonner geschéien, wou mir Mënschen Dech an eisem Liewe spieren. Eng allerlescht Plaz fir haut, wou ech den Herrgott spiere kann, der gleeft mer et vläicht net, dat ass d’Sënd. Den Herrgott weist sech als deen, deen d’Sënder net verdaamt, dofir kann d’Sënd dat sinn, dat mer ze verstoe gëtt, dass d’Léift an d’Verzeie keng Grenzen hunn.

Den Herrgott huet Dech net gären, well s Du esou gutt bass a keng Sënd méchs, mee den Herrgott huet Dech gär, well HIEN esou gutt ass, an hie kennt all déi Wonner an Dengem Liewen, déi di aner guer a glad net gesinn.

Amen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu