lb fr pt en
 
15. Februar 2024

D’Sondesmass um 1. Faaschtesonndeg gëtt vun Dikrich iwwerdroen

Den 18. Februar gëtt d’Houmass vun Dikrich iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Dikrich séngt ënnert der Direktioun vum Raymond Majerus, begleet op der Uergel vum Maurice Clement. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile Dikrich

D’Chorale Ste Cécile Dikrich gouf am November 1891 gegrënnt a besteet nach haut als Männerchouer. Mir hunn am Jar 2016 den 125. Gebuertsdag grouss gefeiert.

Nieft de villen üblichen Aktivitéiten (Sonndes- a Feierdagsmassen, Hochzäits- a Begriefnismassen, asw.) preparéiert eisen Dirigent Raymond Majerus äis dëst Jar och nach zwee grouss Concerten. An eisem Chouer fleege mir Komerodschaft, Frëndschaft an Ekippegeescht, no bausse wëlle mer eis Freed um Sange mat villen anere Leit deelen. Mir prouwe mëttwochs owes am Musikssall vun der Grondschoul zu Dikrich. All irgendwéi stëmmbegabte Mann ass ëmmer wëllkomm!

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Improvisatioun iwwert „Invocabit me“
Agangslidd Invocabit me Introitus vum 1. Faaschtesonndig
Kyrie Kyrie XVII
Tëschegesank Der Herr hat uns befreit Magn. 233-1
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Pitié pour nos misères Jean-Paul Majerus
Sanctus Sanctus XVII
Agnus Dei Agnus Dei XVII
Kommiounslidd Guide us, o thou great Jehovah John Hughes / arr. Andrew Hawryluk
Schlusslidd Laisserons-nous à notre table LD 236
Uergel: Sortie Sortie en fa mineur César Franck

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

Info
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu