Fir Massendéngerresponsabel
Hei kënnt Dir elo reegelméisseg Informatiounsmaterial, Aarbechtshëllefen fir d’Schaffe mat a fir d’Massendénger.
- Hutt Dir flott Aarbechtsmaterial/Gruppestonnen fir d’Massendénger ausgeschafft a wëllt Dir déi aneren zur Verfügung stellen: mailt äis et an d’Zentral an da setze mir et fir Iech hei an dës Kategorie op eiser Homepage online.
- Hutt Dir eng Iddi fir eng Aktivitéit mat Massendénger: Loosst äis déi wëssen, mir versichen eist Bescht fir eppes dozou ze realiséieren.
- Hutt Dir eng flott Aktivitéit mat de Massendénger: Loosst eis d’Informatiounen zoukommen. Mir publizéieren et fir Iech op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger.
- Wëllt Dir datt mir Iech besichen: frot mat Zäit un, vläicht kann ee vun den Ekippemembere bei Iech kommen.
Dir kennt och ganz gär, op Rendez-vous bei äis an der Zentral an eis vill Aarbechtsmaterialien eraluusse kommen.
Op eisem Youtubekanal ass vun elo un, ee klenge Foto-Film zum Déngscht an den Aktivitéite vu Massendénger.
Gären erënnere mir Iech och drun, datt mir all Par am September 2017 een USB-Stick mat engem extra gedréite Film (+/- 5 min) iwwer den Déngscht vum Massendénger an der Mass zoukomme gelooss haten. Sollt Dir dee Film net méi hunn – Mailt eis an da loosse mir Iech dee Film gären nach eemol zoukommen!
- Hei ee Flyer fir Reklamm ze maachen (ka gär mat Ärer Kontaktadress vun der Par fir Iech adaptéiert ginn)
- an en Dokument zum Thema "Nei Massendénger" (vun eisen Dekantsowender 2019)
Iwwersetzunge vum Wuert Massendénger:
däitsch: Ministrant
franséisch: servant d’autel
portuguiesch: acólito"
Mir maachen Iech op drop opmierksam, datt dee Logo vun de Lëtzebuerger Massendénger OUNI d’Ajoute vum Numm vun der Par nëmme vun der Massendéngerzentral benotzt dierf ginn.
All Par (Betreffend Parsekretariat, Paschtéier aus der Par an all gemellte Responsabel aus der Par) dee Logo mat der Ajoute vum Numm vun der Par 2018 an och soss scho mol zougemailt.
Sollt Dir deen net méi hunn - kee Probleem. Mir mailen Iech deen natierlech gären nees zou. Loosst eis et einfach wëssen an da kritt Dir en nees zougemailt.
Maria Patréinesch vu Stad a Land (um Responsabelsowend 2024 virgestallt ginn):
- Maria Patréinesch vu Stad a Land
- Biller - Maria Patréinesch vu Stad a Land
- Zuelen - Maria Patréinesch vu Stad a Land
- Geschichte zur Oktave (vor allem für Ministranten/Kinder)
- Histoire de l’octave (pour servants d’autel/enfants)