lb fr pt en
Sonndesmass  
4. Juni 2021

D’Mass gouf op Härläichendag vu Schieren iwwerdroen

Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass de 6. Juni gouf aus der Kierch vu Schieren iwwerdroen. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl. D’Chorale Caecilia Schieren séngt mam Dirigent Jean Gehlen a gëtt begleet vum Organist Marc Gars

D’Chorale Caecilia vu Schieren

D‘Chorale Caecilia Schieren ass 1933 als Männerchouer gegrënnt ginn an ass zënter 1971 e gemëschte Chouer. Ënnert der Leedung vum Här Jean Gehlen gestallte mir d’Sonndesmassen an aner kierchlech Feieren.
Leider fält eise weltleche Concert och nees dëst Joer wéinst der Pandemie an d‘Waasser. D‘Tëleesmass sange mir op Härläichendag wéinst Covid 19, esou wéi dëst Joer och eis Oktavmass, mat enger reduzéierter Formatioun.
Mir wären awer frou fir nei Sängerinnen a Sänger an eisem Veräin ze begréissen. Eis Prouwen sinn Donneschdes Owends um 19h00.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée / Uergel Grand lein jeu du 1er ton Jacques Bovin
Agangslidd Peuple de baptisés LD 108
Kyrie Missa Quinta Op 100 Franz Arnsfelser
Gloria Gloria Canon LD 145
Alleluia Alleluia, Salut, puissance Charles Eric Hauguel
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Ave Maria A. Müller
Sanctus Saint est le Seigneur LD 255
Agnus Dei Missa Quinta Op 100 Franz Arnsfelser
Kommioun O Salutaris hostia LD 490
Schlusslidd Grosser Gott LD 136
Sortie Toccata in Seven John Rutter

Et séngt d’Chorale Caecilia Schieren
Dirigent: Jean Gehlen
Uergel: Marc Garson

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu