lb | fr | pt | en |
15. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 6,7-13
7 De Jesus huet déi Zwielef bei sech geruff an huet ugefaang, si zu zwéin an zwéin erauszeschécken. Hien huet hinnen Autoritéit iwwer déi onreng Geeschter ginn
8 an huet hinnen un d’Häerz geluecht, ausser engem Staf näischt fir ënnerwee matzehuelen, kee Brout, kee Kuuschtesak, keng Suen am Beidel.
9 Sandale sollten si undoen, awer keng zwee Hiemer.
10 A weider sot hien zu hinnen: "Wou dir och ëmmer an en Haus eragitt, do bleift, bis dir nees aus deem Duerf fortgitt.
11 Wann dir an engem Duerf net opgeholl gitt an si iech net nolauschtere wëllen, da gitt ärer Wee, an als Zeegnes fir si sollt dir de Stëbs vun äre Féiss erofrëselen."
12 Si hunn sech op de Wee gemaach an hunn de Leit verkënnegt, si sollten ëmdenken.
13 Si hu vill Dämonen ausgedriwwen, an si hu vill Kranker mat Ueleg gesaleft an si geheelt.