lb fr pt en
Jahr C (2018-2019)  
20. Abrëll 2019

„Surrexit Dominus vere ... Alleluja“

Kommentar zum Ouschtersonndeg 2019 vum Romain Richer (21.04.2019)

Lk 24, 1-12

Ouschteren … jo, do wësse mir alleguerten, wat domat gemengt ass! Esou vill Wochen hu mir äis virbereet an elo ass en do, dee Moment, deen eist Liewe verännert. Wa mir vun Ouschtere schwätzen, dann ass domat den Zentrum vun eisem Glawe gemengt. Mir kennen de Wee vum Jesus, genee ewéi säi Message. Mir wëssen, wat hien alles erlieft huet a wat mat him geschitt ass. Mee, si mir äis wierklech bewosst, datt hien dat alles fir äis gemeet huet? Si mir äis bewosst, datt de Jesus äis aus Léift gerett huet? Jo, mir wëssen all, ëm wat et bei Ouschtere geet, an dach ass et net einfach, dëse Moment mat eisem mënschleche Verstand komplett ze begräifen.

Wa mir äis d’Karwoch méi genee ukucken, da sinn et ganz vill Texter aus dem Alen an dem Neien Testament, déi mir presentéiert kréien. All dës Texter wëllen äis hëllefen, eben ze verstoen, wien dësen Härgott ass, hien, dee mir eise Papp däerfen nennen. An eng Rei Symboler begéine mir um Wee Richtung Ouschteren.

Ee Moment, dee fir mech eng grouss Bedeitung huet, ass um Ufank vun der Feier vun der Ouschternuecht ze fannen: d’Ufänke vun der neier Ouschterkäerz. Déi nei Ouschterkäerz gëtt um geseente Feier ugefaangen an dann an d’Kierch eragedroen. Déi Däischtert, déi mir um Ufank erliewen, jo, se gëtt gebrach an et ass d’Liicht vun dëser Käerz, déi Jesus Christus symboliséiert, dat äis de Wee weist.

Duerch säi Liicht erkenne mir, wou mir am Liewe stinn, duerch säi Liicht fanne mir de Wee! Et ass e wéineg wéi an der Wüst. Wann alles däischter ass an een d’Orientéierung verluer huet, da kann e klengt Feier (esouguer, wann et wäit ewech ass) engem als Kompass déngen. De Jesus wëll äis de Wee weisen, hie wëll, datt mir verstinn, datt mir gerett sinn. Jo, et gëtt keng Trennung méi zwësche Gott an de Mënschen. Et ass och net méi den Doud, deen dat lescht Wuert huet.

Wann een e léiwe Mënsch verléiert oder soss duerch eng schwéier Zäit muss goen, da kënnen dat alles fromm Wierder sinn … et ass net ëmmer einfach, genee esou ze liewen, ewéi de Jesus äis et virlieft. Munchmol schéngt een an e Lach ze falen an et weess een net méi wouhin. An dach … de Message vun Ouschteren ass kloer: Et heescht sech op d’Sich no sengem Liicht ze maachen. Et ass an eisem Alldag ze erliewen. Jo, et brauch Rou, Gedold, Zäit an e konzentréierte Bléck, sécher ass awer: Et ass do … oder besser gesot … Hien ass do. Wa mir duerch esou eng perséinlech Wüst musse goen, dann ass et wichteg, d’Feier, dat heescht dem Härgott säi Liicht, ze entdecken. A wa mir et bis fonnt hunn, dann heescht et, sech un him ze orientéieren, de Bléck net vun him ze loossen a mat Courage de Wee weider ze goen. Einfach ass dat net, awer mir kréien Hëllef!

Mir feieren Ouschteren, well mir gerett gi sinn. Mir feieren Ouschteren, well d’Däischtert äis keng Angscht méi ka maachen. Mir feieren Ouschteren, well mir e Kompass an d’Hand geluecht kritt hunn.

Jesus Christus ass operstanen an hien huet äis Liewe geschenkt! Elo heescht et feieren a sech freeën … An deem Sënn: Iech alleguerten eng geseenten Ouschterzäit!

Quell: Luxemburger Wort

Romain Richer
romain.richer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu