lb fr pt en
Persönliche Kommentare  
29. Oktober 2018

Wat fréier war an haut net méi däerf sinn

E ganz perséinleche Kommentar tëscht Allerhellgen an Halloween... oder ëmgedréit

Wat ass den Ënnerscheed tëscht fréier an haut?

Et kéint ee villes hei nennen... a sécher géif deen een oder aneren seng Rëtsch vu Saachen - wahrscheinlech ouni laang nozedenken - nach ergänzen mat där aler Kamell: Et war fréier besser wéi haut!

Op et fréier besser war, weess ech net, op et haut besser ass, awer och net. Sou allgemeng léisst sech dat kaum soen, et ass wuel méi eng gefillten Appreciatioun, munches gëtt aus dem Réckspigel anescht, vläicht ze positiv gesinn; aneres gëtt haut ënnerschat, eleng dat Aalt muss fort.

Wann ee mech - ëm dës Joreszäit - géif froen: Wat ass den Ënnerscheed tëscht fréier an haut? Da géif ech soen: Fréier hu mir Chrëschtlidder an der Schoul gesongen, haut bastelen eis Kanner fir Halloween. Dotëscht läit just eng Generatioun... awer e ganze Mentalitéitswiessel, et ass eng aner Welt. Mir sinn tolerant, ma bei Chrëschtlidder hält de Spaass op. Kéint een sech net grad esou iwwer eng sënnfräi Halloween-Party opreegen an haart ruffen “Wat soll dee Blödsinn”? - Ech denken, ee Fragezeechen geet hei net duer... Et géif wuel duergoen, den neoliberal-a-fir-alles-opgeschlossene-Geeschter den (och) reliéisen Hannergrond vun Halloween z’erklären, da wier et um Altor vum Neutralitéitsdogma séier fäerdeg mam ganzen importéierte “Spuk”. - Op d’Gefor hinn, konservativ an intolerant genannt ze ginn, hätt ech mech elo bal dozou verleede gelooss, “Quatsch” ze schreiwen. (Datt op engem Tourismussite d’Traditioun vum “Trauliicht” mat Halloween erklärt gëtt, mécht d’Saach net wierklech besser...)

Wat fréier en Adventsmaart ass, muss haut (wéinst falsch verstanener Récksiicht) e Wanterfest sinn (egal wat den Thermometer seet), do wou fréier de Kleeschen um Virowend vum 6. Dezember geschlach koum, bleift haut nach e mockelegen, kommerzielle Weihnachtsmann, dee wärend engem ganze Mount den Tour vun de Supermarchéen a Gemenge mécht, an op deem Dag “formely known as” Chrëschtdag, soe mir haut, wann et gutt geet, et ass e Familljefest, e Fest vun der Léift... oder eng al (gemengt ass eng iwwerlieften) Traditioun... oder mir fueren an de Wantersport an d’Schwäiz... wäit ewech vum ganze “Rummel”. Es weihnachtet sehr... De Wee vu Multikulti bis bei eng Welt ouni Relioun ass net wäit.

Grad, wa mir an dësen Deeg virun de Griewer stinn, wa mir un déi denken, déi net nëmme virun eis do waren, ma ouni déi et eis net giff ginn, sollte mir och un hire Liewensstil denken. Verschiddener si jonk gestuerwen, anerer am Krich, nach anerer hunn eis ze fréi oder awer no engem laangen an erfëllte Liewe verlooss... Wa mir wierklech u si denken, sollte mir och hirer Liewenswelt an hiren Traditiounen, an déi mir nach eragebuer goufen, mat Respekt begéinen. Hinnen war zum Deel helleg, wat eis haut net méi wichteg schéngt. Wann eise Credo just nach heescht, haut däerf et net méi si wéi fréier, dann huele mir déi, déi virun eis waren, déi eis de Wee bereet hunn, net eescht... a bréngen zum Ausdrock: Mir wëssen et besser, dat Aalt ass näischt méi wäert. Wa mir just nach deenen nolauschteren, déi ouni ze zécken an d’Gesellschaft ruffen “Dat geet haut net méi...”, “Dat war vläicht fréier gutt...” oder “Dat kanns du haut net méi maachen...”, dann: Gute Nacht!

Muss eis Allerhellgen leschtlech net awer méi wäert si wéi Halloween? Ass e Chrëschtfest net awer eppes méi wéi e Wantermaart? Ass de Kleeschen net awer eppes anescht wéi de Weihnachtsmann oder d’Weihnachtsfrau aus bëllegem Schockela?

Mir kënne soen, et ass eis egal, wat anerer soen, mä mir feieren hir Wanterfester mat, mir loossen eis vun hinnen fir e puer Kamellen op Halloween erféieren, a wann de Weihnachtsmann kënnt, dann ass dat eben de Kleeschen. A wärend anerer net midd ginn ze ruffen: “Wou ass de Problem?”, musse mir eis bewosst ginn, datt wa mir eis net wieren, et wiert kee sech fir eis.

Roger NILLES
roger.nilles@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu