lb fr pt en
Fondation Sainte-Irmine  
14. Dezember 2020

Ënnerstëtzt di pastoral Aarbecht vun der ACFL

Di geeschtlech Entwécklung vun de Membere fërderen a si an hiren existenziellen a spirituelle Froe begleeden

D’ACFL (Action Catholique des Femmes du Luxembourg / Fraen a Mammen) schafft mat a fir chrëschtlech Fraen zu Lëtzebuerg. D’ACFL ass en Deel vun der Lëtzebuerger Kierch, e kathoulesche Verband, dee sech d’Aufgab ginn huet fir seng Memberen an de Beräicher Relioun, Kultur, sozialem Engagement a Weiderbildung ze begleeden.

Fir déi geeschtlech Entwécklung vun de Memberen ze fërderen a si an hiren existenziellen a spirituelle Froen ze begleeden gi verschidde Saachen ugebueden.

Duerch hir Memberen ass d’ACFL am ganze Land aktiv a responsabel engagéiert an der Kierch an och an der Gesellschaft. Als gréisste Fraemouvement vu Lëtzebuerg mat hiren 8.000 Memberen leet si och Wäert op hir Verantwortung an der Lëtzebuerger Kierch. Dat geschitt konkret beim Votum Solemne, wärend der Muttergottesoktav a bei Veranstaltunge wéi Wuertgottesdéngschter, aner spirituell Offeren an Eenzelgespréicher.

An der pastoraler Ausriichtung vun der ACFL gëtt et speziell Offere vu Frae fir Fraen, wéi de Schöpfungsdag, de spirituelle Moment „Eng Dräivéierelstonn fir mech“, Wallfaarten ënner aneren regelméisseg op Avioth, eng Nationalwallfaart asw., verschidde Konferenzen zu Themen wéi z.B. d’aktuell Situatioun an der Kierch a hir pastoral Entwécklungen.

Besonnesch ze ernimme sinn d’Matschaffen an d’Bedeelegung un nationalen Aktivitéiten zu Theme n, déi d’Fraen zu Lëtzebuerg betrëffen, wéi d’„Orange Week“ (géint Gewalt géint Fraen), Veranstaltunge vum „Conseil National des Femmes du Luxembourg“, vun der Kommissioun „Fra an der Kierch“ an d’Zesummenaarbecht mat Fraemouvementer an Däitschland an Europa fir sech fir d’Uléiss an d’Bedürfnisser vun de Fraen an hir Gläichstellung anzesetzen. Fir d’ACFL geschitt dat dobäi ëmmer op der Basis vun der chrëschtlecher Solialléier a Spiritualitéit.

D’ACFL finanzéiert de Poste vun der nationaler Generalsekretärin iwwer d’Cotisatioune vun hire Memberen. Si ass organisatoresch autonom a kritt kee Subsid vun offiziellen Instanzen. D’Organiséierung, d’Virbereedung an d’Ofhale vun Aktivitéiten souwéi all administrativ Käschte ginn iwwer d’Membersbäiträg an d’Done vun eenzelne Membere finanzéiert.

An de leschte Jore sinn d’Recetten ëmmer méi kleng ginn, dat huet mat de Memberszuelen ze dinn, déi ëmmer méi rof ginn an och domatter, dass d’ACFL zënter 2015 guer kee Subside méi kritt. D’Sue vum Spuerkont hu misse geholl gi fir den alljärlechen Defizit ze decken a sinn dowéinst bal verdoen.

D’ACFL kann nëmme weider bestoen an Aktivitéiten ubidden mat zousätzleche finanziellen Hëllefen.

Mat den Donen un d’Fondation Sainte-Irmine solle folgend Käschte vun der ACFL kënne bezuelt ginn:

  • Konferenzen, Wallfaarten a Formatiounen: ca. 1000 € pro Veranstaltung (Aarbechtszäit, Material, Publizitéit).
  • Representatioun vum Verband am Ausland a bei internationale Fraeverbänn (z.B. Deelhuelen un internationale Konferenzen): ca. 1000 €
  • D’Memberszeidung „Marienland“ gëtt un all Member 4 mol am Joer verschéckt an ass am Membersbäitrag integréiert. Käschte pro Ausgab: ca. 5.000 €

Am Laf vum Joer si regelméisseg verschidde Veranstaltunge geplangt:

  • 2 Wallfaarten (Avioth an eng Nationalwallfaart)
  • 2 Konferenzen/ Formatiounen
  • Deelhuelen un enger internationaler Konferenz
  • Verschidde spirituell Offeren a verschiddene Regioune vum Land

Wann Dir de Projet wellt ënnerstetzen, da kënnt Dir en Don maache mat der Mentioun
« Soutien au mouvement de l‘ACFL ».
op de Kont vun der Fondation Sainte-Irmine
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000
Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!

www.irmine.lu
www.acfl.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu