Heimat invitéiere mir all Massendénger (grouss a kleng) op eisen AUSFLUCHSDAG an d’Stad : Mëttwoch, de 04. November 2026. Mir treffen eis all ëm 9.20 Auer beim “WC public” um Glacis an der Stad. (D’Tramsstatioun “Theater” ass direkt dobäi).
Hei e Bléck, wat mir alles deen Dag erliewe wäerten:
• 9.20 Auer: Treffpunkt beim “WC public” um Glacis an der Stad
• 10.00 Auer: Visitt an Atelier an der Muerbelsmillen
• Mëttegiessen an der Jugendherberg
• Nom Mëttegiesse fuere mir mam Bus op Hollerech, wou mir uschléissend eng Visitt am Tramsmusée hunn
• 17.00 Auer: Schluss vum Dag – d’Massendénger kënnen ëm 17 Auer virum Tramsmusée (63, rue de Bouillon an der Stad) ofgeholl ginn.
Fir den Transport an d’Stad a fir heem suergt jidderee selwer.
Dee ganzen Dag ginn d’Massendénger vu Membere vun der Ekipp “Lëtzebuerger Massendénger” begleet an d’Atelieren/Visitten si mat lokale Guiden/Animateure gebucht. D’gemeinsam Sprooch vum Dag ass lëtzebuergesch.
Fir dee ganzen Dag (Aktivitéiten, Assurancen, waarmt Mëttegiessen) froe mir fir all Massendénger e Participatiounspräis vu 35 €.
Net vergiessen:
* eng Fläsch mat Gedrénks, fir am Laf vum Dag ze drénken
* sech dem Wieder ugepasst kleeden
* fest Schong
Umeldung: Aus der Erfarung eraus an och aus organisatoreschen a logistesche Grënn biede mir, datt d’Massendénger sech w.e.gl. mam detailléierten Umeldungsziedel bis allerspéitstens den 20. Oktober 2026 an der Zentral vun de Lëtzebuerger Massendénger umellen. All Massendénger muss deen Dag och seng Identitéitskaart an seng Krankekeesskaart dobäi hunn!
Informatiounen an Umeldungsfiche als Download: