Skip to main content Skip to page footer

Centre Jean XXIII

Zentrum vu Bildung, Fuerschung, Dialog an Dokumentatioun

De Centre Jean XXIII ass villfach am Sproochgebrauch einfach nëmmen als „de Seminaire“ bekannt. E Seminaire ass traditionell en Institut, dat Geeschtlech ausbilt. Mir maachen awer vill méi ewéi nëmme Priisterausbildung. D’Kierch an d’Gesellschaft hu sech entwéckelt an duerfir ass de Centre Jean XXIII – Grand Séminaire zënter dem Oktober 2013 den Zentrum vu Bildung, Fuerschung, Dialog an Dokumentatioun vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg.

 

Wat gehéiert alles derzou?

  • Als éischt ass ët en Institut, dat Geeschtlech ausbilt.
  • Dann all Aktivitéiten a Servicer vu Formation initiale fir haapt-, niewen- an éierenamtlech Mataarbechterinnen a Mataarbechter.
  • Dann och Offere vu Formation continue fir kierchlecht an zum Deel och ausserkierchlecht Personal.
  • Dann och Offere vu Formation permanente oder Erwuessebildung.
  • Och de ganze Beräich vun theologescher interdisziplinär orientéierter Fuerschung gehéiert zum Centre Jean XXIII.
  • Eis grouss Bibliothéik mat iwwer 140.000 Publikatiounen ass eng wichteg Ressource fir dës Aktivitéiten. Se ass op fir jidder Interesséierten.
  • Schliisslech ass de Centre Jean XXIII eng Plattform, op där di aner konventionéiert Reliounsgemeinschafte mat schaffe wäerten.

De Centre Jean XXIII huet sech also, esou wéi et och an der Konventioun mam Staat steet, opgemaach fir d’Mataarbecht vun den anere konventionéierte Reliounsgemeinschaften. Esou ass de Centre Jean XXIII – Grand Séminaire en Institut, dat de ganze Spektrum vu Fuerschung a Bildung ofdeckt.

 

 

Célébration de la messe

La messe est célébrée de 12h30 à 13h30 (hors vacances scolaires et Semaine Sainte) :

  • tous les mercredis et
  • occasionnellement en semaine (selon l’horaire en cours).

Possibilité de déjeuner au restaurant du Centre Jean XXIII – Grand Séminaire à l’issue de la célébration sur inscription 48 heures à l’avance: info@cj23.lu.