Skip to main content Skip to page footer

"Jubilé 400"

400 Joer Wallfaart bei d'Tréischterin

Den 8. Dezember 1624 huet de Jesuittepater Jacques Brocquart zesumme mat jonke Studente vum deemolege Jesuittekolléisch an enger Pressessioun eng Statu vun der Muttergottes virun d’Diere vun der Stad gedroen, fir se um Glacis-Feld opzestellen. Dëst war den Ufank vun enger populärer an offizieller Frëmmegkeetsbeweegung, déi vun deemools un d’reliéist an d’ëffentlecht Liewen an der Stad Lëtzebuerg, am Land an doriwwer eraus gepräägt huet. Virun allem ass dëst de Gebuertsdatum vun der Oktav zu eiser léiwer Fra vu Lëtzebuerg, der Tréischterin am Leed.

Op Invitatioun vum Här Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, gëtt de 400. Anniversaire vun dësem bedeitenden Grënnungsevenement fir d’Kierch hei zu Lëtzebuerg mat engem Mariejubiläum gefeiert. Dëse Jubiläum geet vum 8. Dezember 2024 bis de Schlussoktavsonndeg, de 25. Mee 2025.

Ech géif gäeren d’Feierlechkeeten rondrëm de Jubilé 400 ënnerstëtzen – wéi maachen ech dat?

All Informatiounen fir de Projet finanziell z’ënnerstëtzen fannt dir um Site vun der Fondatioun Sainte-Irmine.

Agenda

Galerie

Socials