lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Béiwen iwwerdroen
Elo am Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 14. Februar, um 9 Auer aus der Kierch vu Béiwen iwwerdroen. De ’Männerchouer Béiwen/Atert’ huet ënnert der Leedung vun der Madame Marguerite Thomé-Schmit gesongen, op der Uergel begleet vun der Madame Christiane Parries-Schiltz.
Männerchouer Béiwen/Atert
De Männerchouer Béiwen/Atert séngt mat 21 aktive Sänger (5 Éischt-Tenör, 4 Zweet-Tenör, 6 Éischt-Bäss an 6 Zweet-Bäss). Mir hoffen, no der COVID-Pandemie nees komplett kënnen zesummen ze prouwen an ze sangen.
Zënter scho ville Joren kënne mir op eis Pianistin an Organistin, d’Madame Christiane Parries-Schiltz, zielen, sou wéi och op eis Dirigentin, d’Madame Marguerite Thomé-Schmit.
Nieft Sonndes- a Begriefnesmassen an der Kierch bei eis zu Béiwen/Atert, sinn eis Haaptaktivitéiten um Vältesdagssonndeg d’Kënnbakestee an am Oktober eise Lidderowend. Béid Manifestatioune gi begleet vun engem gudden Iessen am Centre Sportif et Culturel Lëtschert zu Béiwen/Atert.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée : Uergel | Fug’A | Georg Philipp Telemann |
---|---|---|
Agangslidd | Herr mein Gott (Spiritual-Messe) | Arr.+Text Michael Schmoll |
Kyrie | Kyrie (Spiritual-Messe) | Arr.+Text Michael Schmoll |
Gloria | Freu dich und singe (Spiritual-Messe) | Arr.+Text Michael Schmoll |
Alleluja | Arr.+Text Michael Schmoll | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Cantate Domino | Laura Farnell |
Sanctus | I sing Holy | Laurenz Maierhofer |
Anamnes | Wir preisen deinen Tod | LD 267 |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Lamm Gottes | Laurenz Maierhofer |
Kommiounslidd | I love you Lord | Arr. Jack Schrader, Text : Laurie Klein |
Schlusslidd | Sage Dank | Arr.+Text Michael Schmoll |
Chouer : Männerchouer Béiwen/Atert
Dirigentin : Marguerite Thomé-Schmit
Organistin : Christiane Parries-Schiltz