De Mënsch denkt, a Gott lenkt
Kommentar fir de 4. Faaschtesonndeg vum Gérard Kieffer (30.3.2025)
Gutt iessen, lëschteg sinn, danzen a feieren - mëtten an der Faaschtenzäit héiere mir vun engem ausgeloossene Fest. Mee d’Fest huet eng Virgeschicht.
Saachen, déi ee net op een Nenner bréngt oder sech widdersprieche begéint jidderee vun eis am Laf vum Liewen. Dat ass eng Realitéit - a villäicht ass grad dofir d’Parabel, déi mir dëse Sonndeg am Evangelium héieren, esou bekannt. Si beschreift, wat generatiounsiwwergräifend ëmmer erëm Famillen trennt an zesummeféiere kann.
Mee d’Parabel vum verluerene Jong - déi eigentlech misst Parabel vum gudde Papp heeschen - ass kee Léierstéck fir d’Léise vu familiäre Konflikter. All Kéiers, wann ech d’Geschicht héieren, sinn ech iwwer d’Verhale vum Papp irritéiert. Op den éischte Bléck ass et ongerecht vis-à-vis vum eelere Brudder a féiert normalerweis zu méi Konflikter.
D’Parabel steet beim Evangelist Lukas am Kontext mat zwee anere Gläichnesser.De Jesus priedegt iwwer d’Verléieren, d’Zeréckfannen an d’Freed heiriwwer. E priedegt viru Steierandreiwer a Sënner, also viru Mënschen, déi reliéis a gesellschaftlech net gutt ugesi sinn.
Gott ass trei
D’Ausso heivun ass: Gott ass dem Mënsch trei, e léisst en net falen.
Am Zentrum vun eiser Geschicht steet net de Jong, deen seng Ierfschaft verprasst oder den eelere Brudder, deem säi Verhalen ee gutt nofille kann. Et geet eigentlech ëm de Papp a seng Aart a Weis, mat dëser Situatioun ëmzegoen.
Wéi gutt deet et ze gesinn, dass de Jesus vun esou engem Gott priedegt. Et ass kee Riichter, dee bestrooft, mee e Papp, dee verzeit.
An der Parabel gesäit een awer, dass d’Reaktioun vum Papp net esou liicht vu jidderengem ugeholl ka ginn, zum Deel esouguer op heftege Widderstand stéisst. Déi zwee Jongen dinn sech schwéier, d’Guttheet an d’Léift vum Papp ze begräifen an unzehuelen. Duerch déi zwee Jongen huet de Jesus gewisen, wéi mir Mënschen eis vis-à-vis vum Härgott verhalen.
Dee méi jonke fuerdert säin Ierfdeel, obwuel dat deemools verbuede war. De Papp gëtt him säin Deel, obwuel dat sengem Betrib schued. De Jesus seet domat, dass Gott eis eis Fräiheet léisst. Mir kënnen dës Fräiheet och géint Gott an dat Gutt gebrauchen. Mee kuerz duerno ass d’Ierfdeel verprasst. De Jong kënnt an eng selwer verscholdte Nout. E muss Schwäin hidden, fir e Judd eng grouss Schan.
Dunn huet en sech un säin Doheem erënnert an den Honger dreift hien heem. En iwwerleet sech eng Ried, wat hien sengem Papp wëll soen. Bereit hie wierklech oder ass et just Berechnung? Villäicht béides, wéi esou dacks bei eis, wa mir an enger Noutsituatioun bereien. Kuerz: de méi jonke Brudder mécht keng gutt Figur.
Ëmsou besser versteet een den Ierger vum eelere Brudder. Do bréngt de jonke Brudder säin Deel duerch wärend hien trei doheem bleift a fläisseg am Betrib vum Papp schafft. Mee kaum kënnt de jonke Brudder erëm heem, ass him schonn alles verziehen a verginn. De Papp ass iwwerglécklech an hëlt de Jong erëm op. Dat heescht am Kloertext: och als Iewen - well wa Jong dann och Ierfdeel. Den eelere Brudder wäert also mat dem Hallodri säin eegenen Deel nach eng Kéier deele mussen. An doriwwer soll hien sech nach freeën!
Ass de baarmhäerzege Gott, vun deem de Jesus schwätzt, net awer ongerecht a senger Guttheet?
Dee méi jonke kann et am Ufank guer net gleewen, dass de Papp hien ouni Konditiounen erëm ophellt. Ze vill ass hien sech senger Schold bewosst. Den Eelere kann et net unhuelen, dass dem Papp d’Ophuele vum Jong, dee verluer war, méi wichteg ass, wéi all Ierfdeel. „Däi Brudder hei war dout, an hie lieft nees”. Déi zwee mussen eréischt léieren ze begräifen, dass Gott hiert Gléck an hiert Liewe wëll.
Gott wëll, dass jiddereen dozougehéiert. Kee soll aus iergendwelleche Grënn ausgeschloss ginn. Well d’Liewe kann e Fest sinn - awer nëmmen, wa jidderee matfeiert!