Skip to main content Skip to page footer

E Kaddo fir de Poopst

Am Kader vun der apostolescher Rees op Lëtzebuerg, déi ënnert der Devise “Fir ze déngen” steet, iwwerreecht d’Äerzdiözees dem Hellege Vater de 26. September 2024 e Kado, fir him Merci ze soe fir seng Visitt an hie bei senge karitativen Aktiounen ze ënnerstëtzen. Dëse Kado, a Form vun engem Don, geet un d’Wierker vum Dicastère pour le Service de la Charité vum Hellege Stull, bekannt ënnert dem Numm Aumônerie Apostolique. D’Aumônerie Apostolique huet als Missioun, fir am Geescht vum Evangelium an am Numm vum Poopst, d’Baarmhäerzegkeet zu Gonschte vun deenen Aarmen, deene Schwaachen an deenen Ënnerdréckten uechter d’Welt ze liewen.

Wann Dir Iech un dësem Kado bedeelege wëllt, kënnt Dir en Don maachen un d’Fondatioun Sainte-Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 (mat der Mentioun: Don - Kado fir de Poopst), wa méiglech virum 15. September. Fir Online-Donen: www.irmine.lu 

Kontakt: Fondation Sainte-Irmine, 4, rue Génistre, L-2014 Luxembourg, info@irmine.lu
Är Done kënne vun de Steieren ofgesat ginn an de gesetzleche Limitten

 

Rezentes am Archiv

Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg

Votum Solemne am 10. Oktober 2026 um 15.00 Uhr in der Kathedrale

Niklos Expo 2026

Verlängert bis den 30. September zu Konsdref an der Kierch mat Programm fir Kanner oder Senioregruppen.

Visite apostolique du Pape Léon XIV à la cathédrale Saint-Étienne de Metz

Le diocèse sera présent à Metz le lundi 28 septembre 2026, avec LuxPélé.

Robert Schuman – un homme du 21e siècle

Conférence avec Jean-Claude Juncker sur le message de Robert Schuman sur l’Europe face aux défis du 21e siècle le 6 juillet 2026 à Howald.