Niklos Expo 2026
Zu Konsdref an der Kierch Saint Barthélemy mat Programm fir Kanner oder Senioregruppen
Programm fir Kanner
- Datumer: 9., 10., 11., 14., 15., 16., 17., 18. September
- 75 Min. fir jeeweils 1 Klass oder e Grupp vu bis zu 20 Kanner, fir 3 verschidden Alterskategorien (C2-C4)
- Atelier 1 mam Danielle Mertes an Tanja Konsbrück. Atelier 2 mam Laure Simon. Beim Atelier 3 ass een Organist zousätzlech dobäi.
- Beim Grupp vu Kanner soll eng Betreiungspersoun dobäi sinn. Idealerweis ass nach eng Benevolle Persoun och nach an der Kierch dobäi.
- wéinst der Akustik ass et am beschten, wann ëmmer just eng eenzeg Grupp am Raum ass.
Atelieren:
- Ei, Ei, Ei – Geschwënn ass et schonn nees esou wäit! C2 + C3
De Kleesche kënnt … Et ass zwar nach e bësschen Zäit bis dohin. Mee et kann een sech awer schonn drop virbereeden… Well et gëtt vill interessant Saachen iwwert deen Hellege Mann an dat grousst Fest ze entdecken a kennenzeléieren. Mat eisem „Kleeserchers-Spill“ maache mir eis zesummen op Entdeckungsrees… Zum Schluss bastele mir eppes. A wann dir wëllt, kritt dir och schonn am September eng Geschicht vum Kleeschen erzielt.
- Expo & Quiz zum Kleeschen: C4
Et gëtt eng Féierung duerch d'Niklos Expo an ee Quiz, mat Opléisung dono.
- Kleesercherslidder bei der Uergel sangen: all Alter gemëscht
Den Organist erkläert de Kanner d'Uergel a spillt e puer Lidder, déi si kennen a wou si matsange kënnen.
Umeldung mat enger Mail bis den 1.8.: Kultur Patrimoine Konsdref mat folgenden Informatiounen:
- Klass/Grupp,
- Zuel vun de Kanner an Alterskategorie,
- Präferenz vum Datum: 09.09. ; 10.09.; 11.09.;14.09.;15.09.; 16.09.;17.09.; 18.09.
- Moies oder Mëttes mat gewënschtem Zäitraum (8.45–10.00/10.30-11.45/14.15-15.30)
- Kontaktpersoun (Numm, Virnumm, Telefonsnummer, Mailadress).
Mir bestätegen Är Umeldung a versichen d’Präferenzen ze respektéieren.
Programm fir Senioregruppen
- 75 Min. fir e Grupp vu bis zu 15 Erwuessenen
- wéinst der Akustik ass et am beschten, wann ëmmer just eng eenzeg Grupp am Raum ass.
- den Zougang zur Kierch ass behënnertegerecht.
OFLAF VUN DER VISITT:
1. Visite guidée vun der Ausstellung
Gemittlech, am Tempo vun de Leit.
2. Ka5i a Kuch
Austausch iwwer Kandheetserënnerunge bei enger Taass KaMi.
3. Kleesercherslidder a Begleedung vun der Uergel sangen
Den Organist spillt e puer Lidder, déi si kennen a wou si matsange kënnen.
4. Filmer kucken vu Kleeserchersfeiere vu fréier
vun 1944 zu Wolz, an den 80er Joeren, an anerer ...
Umeldung mat enger Mail bis den 01.08.: Kultur Patrimoine Konsdref mat follgenden Informatiounen:
- Datum: gewënschten Zäitraum (8.45 – 10.00 // 10.30 - 11.45 // 14.15 - 15.30)
- Kontaktpersoun (Numm, Virnumm, Telefonsnummer, Mailadress)
Mir bestätegen Är Umeldung a versichen d’Präferenzen ze respektéieren.
Eng Aktivitéit vun der ErwuesseBildung, mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture an Zesummenaarbecht mat dem Veräin Kultur a Patrimoine Konsdref an der Par Regioun Iechternach Saint Willibrord.
Merci d'avoir lu cet article. Si vous souhaitez rester informé de l’actualité de l’Église catholique au Luxembourg, abonnez-vous à la Cathol-News, envoyée tous les jeudis, en cliquant ici.
Gros titres
-
À Pétange, deux groupes de mamans prient pour leurs enfants... mais pas que !
Animation des célébrations, convivialité, distribution aux sans-abris... à la rencontre de la Prière des Mères.
-
Fondation Sainte-Irmine : participez au sondage sur le Fonds d’avenir
Nous vous remercions par avance de votre participation jusqu’au 31 juillet 2026 et votre soutien.
-
Bienvenue sur le nouveau site Internet des Archives diocésaines !
Accès libre à plus de 300 000 documents numérisés des chartes médiévales aux dossiers des années 1960
-
Rencontre du Conseil des Jeunes
À la maison épiscopale, prière, partage et projets autour du cardinal Jean-Claude Hollerich.