Skip to main content Skip to page footer

Fondatioun Sainte-Irmine: Huelt deel un der Ëmfro zum Fonds d’avenir

Villmools Merci am Viraus fir Är Participatioun bis den 31. Juli 2026 a fir all Ënnerstëtzung.

2014 huet d’Fondatioun Sainte-Irmine e “Fonds d’avenir” an d’Liewe geruff, fir dem Bistum an Zukunft ze hëllefen, Paie vu jonke Geeschtlechen a Laien am pastoralen Déngscht ze finanzéieren. An der Tëschenzäit konnt e Kapital vun iwwer 4 Milliounen Euro opgebaut ginn; zanter 2024 goufen insgesamt 300.000 Euro un Zënsen un de Bistum iwwerwisen, fir Geeschtlech a Laien ze ënnerstëtzen, déi an de leschten zeng Joer agestallt goufen.

Fir d’Kommunikatioun ronderëm dëse Fonds d’avenir ze verbesseren, lancéiert d’Fondatioun Sainte-Irmine eng kleng Ëmfro. All Leit, ob Donateur/Donatrice vun der Fondatioun oder net, sinn häerzlech invitéiert un dësem Sondage deel ze huelen: https://forms.gle/gVLtGoSLesdX9Fyi6 - D’Participatioun ass natierlech fräiwëlleg an anonym. Villmools Merci am Viraus fir Är Participatioun bis den 31. Juli 2026 a fir all Ënnerstëtzung.

Wann och Dir de Fonds d’avenir ënnerstëtzt wëllt, kënnt Dir en Don maachen un d’Fondatioun Sainte-Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 (Mentioun: Don Fonds d’avenir).

 

Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.

 

 

Cabeçalho

mais notícias

D’Mass vum 12. Juli gouf vu Réiser iwwerdroen

Personalveränderungen in der Erzdiözese Luxemburg

Robert Schuman, ein Mann des 19., 20. und 21. Jahrhunderts

Erster Jahrestag des Pontifikats von Papst Leo XIV