Skip to main content Skip to page footer

Ökumenescht Gebiet fir d’Bëschofssynod

Optakt vun der Bëschofssynod den 30. September

Zum Optakt vun der Bëschofssynod ass e Samschdeg, den 30. September 2023, owes zu Roum op der Péitersplaz en ökumenescht Gebiet am Geescht vun Taizé.

De Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, invitéiert dofir zu engem ökumenesche Gebiet e Samschdeg, den 30. September, ëm 19.00 Auer an der Kierch um Cents (125, rue de Trêves, L-2630 Luxembourg).

Mir schléissen eis der Gebietsveillée zu Roum un an droen d’Uleies vun der Bëschofssynod am Gebiet mat.

D’Kierch vum Cents ass mat de Buslinne 7, 14, 25 (Arrêt Cents Kierch) ze erreechen.

Wann Dir weider Infoe braucht, mellt Iech wgl. beim Josiane Mirkes, Marie-Christine Ries, Renée Schmit oder Jean-Louis Zeien: together2023@cathol.lu

Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.

 

 

Cabeçalho

mais notícias

18. bis 25. Januar 2026: Gebetswoche für die Einheit der Christen

D’Mass vum 18. Januar gouf vu Réimech iwwerdroen

Obrigado, irmã Perpétua

Les évêques de l’Euregio réunis à Luxembourg