Séchert Iech elo en exzeptionelle Souvenir vun der Poopstvisitt!
Bezich fir de Kapp ze stëtze mam Logo vun der Poopstvisitt zu Lëtzebuerg.
No senger Rees op Lëtzebuerg ass de Poopst Franziskus u Bord vun engem spezielle Luxair-Fliger weider op Bréissel geflunn. Fir dës Geleeënheet hat déi national Fluggesellschaft eege Bezich fir de Kapp ze stëtze mam Logo vun der Poopstvisitt zu Lëtzebuerg gemaach.
Aus philantropheschen an ekologesche Grënn proposéiert d’Luxair elo déi Bezich allen interesséierte Leit. Den integrale Benefice vun dëser Vente geet via d’Fondatioun Sainte-Irmine un de Projet Karibuni.
D’Bezich sinn aus Konschtlieder am “Blanc cassé” an a schéiner Qualitéit. Drop gedréckt sinn de Logo vun der Poopstvisitt “Fir ze déngen” mam Datum an de Logo vun der Luxair.
D’Luxair huet just knapp 100 där spezieller Bezich: Dir kënnt se vun elo un sur place um Flughafe kréien. D’Kappbezich ginn zum symbolesche Präis vu 25 Euro am LuxairTravelStore (géinteniwwer vun de Schaltere fir sech unzemellen) verkaaft (bis un den Enn vum Stock).
D’Fondatioun Sainte-Irmine seet der Luxair an alle Leit villmools Merci, déi sech un dëser aussergewéinlecher Aktioun bedeelegen an esou e Projet fir d’Integratioun vu jonke Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen.
Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.
Cabeçalho
-
D’Mass vum 13. September gëtt vun Trënteng iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
„Führe unsere Schritte auf den Weg des Friedens“
Über 500 Gläubige aus Luxemburg auf einer Diözesanwallfahrt nach Banneux Notre-Dame.
-
«Precisava de ouvir tudo o que o Senhor Cardeal disse»
D. Jean-Claude Hollerich esteve em Portugal, esta semana, na peregrinação a Nossa Senhora dos Remédios, na diocese de Braga.
-
Lancement du Cours Grand Public : la foi ouverte à tous
Formation canonique en philosophie et théologie au Centre Jean XXIII – Grand Séminaire.