All Joer denken d’Lëtzebuerger Massendénger den 09. Juli un hiren éischte Schutzpatroun, den hellegen Tarcisius. Dëst Joer hu mir Samschdes, de 04. Juli 2026 um Përmesknupp an der Par Öewersauer St. Pirmin gefeiert.
An enger lieweger Kanner- a Familljemass um Permësknupp (Par Oewersauer Sankt Pirmin) hu mir eis gemeinsam op d’Summervakanz virbereet. D’Glacebulle virum Altor symboliséieren: Dankbarkeet (rout Bull), déi giel als Frischekick fir d’Vakanz a blo als Kugel vum Glawen. Gestäerkt kënne mir elo d’Summervakanz genéissen an e bëssen ofschalte vu Stress, Léieren an dem Alldagshektik.
Gläichzäiteg hu mir un den hellegen Tarcisius erënnert, de Schutzpatréiner vun de Massendénger. D’Mass gouf och zum Gedenken un den Här Chanoine honoraire Jos Weisgerber, laangjäregen Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger, gefeiert.
Eng Scheckiwwereechnung vun de Kanner aus der Paroisse Öewersauer - St Pirmin u "Chaine de l’Espoir" huet deen offiziellen Deel ofgeschloss. Uschléissend konnte mir all bei engem "Pättchen" mat engem gudde Bréidchen zesumme déi flott Ambiance um Përmesknupp genéissen!
E grousse Merci un all déi, déi dës Feier mat vill Engagement virbereet an duerchgefouert hunn - an net ze vergiessen ee Merci un d’Përmesfrënn fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.
Obrigado por ler este artigo. Se quiser manter-se informado sobre as notícias da Igreja Católica no Luxemburgo, subscreva o Cathol-News, enviado todas as quintas-feiras, clicando aqui.
Cabeçalho
-
D’Mass vum 11. Oktober gëtt vu Käl iwwerdroen
D'Sonndesmass an de Medien
-
Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg
Votum Solemne am 10. Oktober 2026 um 15.00 Uhr in der Kathedrale
-
„Europa, woher kommst du, wohin gehst du?“
Unter diesem Titel stand die 63. internationale Priestertagung der I.P.T. EUROPAX.
-
L'Archidiocèse de Luxembourg publie son rapport d'activités 2025-2026
Une année d'Église en chiffres et en visages : vie pastorale, rencontres internationales, solidarité et transparence financière.