lb | fr | pt | en |
29. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 10,35-45
35 De Jakobus an de Johannes, dem Zebedäus seng Jongen, si bei de Jesus komm an hunn zu him gesot: “Meeschter, mir hätte gär, datt s du äis dat an d’Rei méchs, wat mir dech elo froen.”
36 Hie sot zu hinnen: “Wat soll ech da fir iech an d’Rei maachen?”
37 Si soten zu him: “Looss äis an denger Herrlechkeet deen een op denger rietser Säit an deen aneren op denger lénkser Säit sëtzen!”
38 De Jesus awer huet hinne geäntwert: “Dir wësst net, wat dir do frot! Kënnt dir dann dee Kielech drénken, deen ech drénken, oder mat där Daf gedeeft ginn, mat där ech gedeeft ginn?”
39 Dueropshin hunn si zu him gesot: “Dat kënne mir!” Du sot de Jesus zu hinnen: "Dee Kielech, deen ech drénken, kritt dir ze drénken, a mat där Daf, mat där ech gedeeft ginn, gitt dir gedeeft.
40 Et ass awer net u mir, fir d’Plaz op menger rietser oder menger lénkser Säit ze verginn; duer kommen déi sëtzen, fir déi dës Plaze virbereet gi sinn."
41 Wéi déi zéng aner Jünger dat héieren hunn, hunn si ugefaang, sech iwwer de Jakobus an de Johannes ze iergeren.
42 Dunn huet de Jesus si bei sech geruff a sot zu hinnen: "Dir wësst, datt déijéineg, déi als déi Iewescht gëllen, iwwer hir Vëlleker herrschen, an datt déi Grouss hir Muecht iwwer d’Leit mëssbrauchen.
43 Bei iech awer soll et net esou sinn! Wien ënner iech dee Gréisste gi wëllt, dee soll ären Dénger ginn,
44 a wien ënner iech deen Éischte si wëllt, dee soll de Kniecht vun en alleguer sinn.
45 De Mënschejong ass nämlech net komm, fir bedéngt ze ginn, ma fir ze déngen an säi Liewen hierzeginn als Léisegeld fir der vill."