lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Ohn iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um 3. Adventssonndeg, de 16. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vun Ohn iwwerdroen. Den Ensemble vocal Divertimento huet ënnert der Leedung vum Luc Rollinger gesongen, deen de Chouer och begleet huet.
Den „Ensemble vocal Divertimento‟
Zanter 16 Joer besteet elo schonns den „Ensemble vocal Divertimento‟. Éischter duerch Zoufall ass dëse Grupp entstan, wéi Memberen aus dem fréiere Jugendgrupp vu Wormer ënnert hire Kollegen Hëllef gesicht hunn, fir eng Hochzäitsmass musikalesch ze gestalten. Aus där enger Hochzäitsmass goufen et der mëttlerweil em déi 80, an dat an allen Ecke vum Land. Ennert der Leedung vum Dirigent, Organist, Komponist an Arrangeur Luc Rollinger séngt Divertimento reegelméisseg Massen - virun allem Hochzäiten -, a Concerten. Tëscht zéng an 15 Membere si bei all Geleeënheet, wou Divertimento engagéiert ass, derbäi. De Repertoire geet vu klassesche Wierker bis zu moderne Musicalarrangementer, vun alen a neie Kierchelidder bis zu traditionelle Lëtzebuerger Stécker.
Eppes Besonnesches ass fir d’Sonndesmass vum 16. Dezember dann och geplangt: en Deel vun de Kanner vun de Membere vun Divertimento sangen d’Lidd „Ein Licht im Advent‟. An dorop freeë si sech immens. Weider Informatiounen zu Divertimento kann ee kréie beim Anne Berna ënnert der Nummer 661-386988.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Gaudete in Domino semper | instrumental |
---|---|---|
Agangslidd | Rejoice In The Lord Always | Dana Mengel |
Kyrie | Nidaros Jazz Mass | Bob Chilcott |
Alleluja | Alleluia | Larry Gatlin |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ein Licht im Advent | Uli Doblinger/Martin Göth |
Sanctus | Nidaros Jazz Mass | Bob Chilcott |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Nidaros Jazz Mass | Bob Chilcott |
Kommuniounslidd | Behold The Lamb | Keith Getty/Stuart Townend/Kristyn Lennox Getty |
Schlusslidd | As We Prepare For Jesus’ Birth | Dale Peterson/Charles McCartha |
Chouer: Ensemble vocal Divertimento
Dirigent an Organist: Luc Rollinger
- D’Mass um 6. Sonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen
- D’Mass um 29. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Steeën iwwerdroen
- D’Mass um 20. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Kierchen iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf um éischten Oktavsonndeg aus der Kathedral iwwerdroen
- Op ’Wäisse Sonndeg’ gouf d’Sonndesmass vun Uespelt iwwerdroen