lb | fr | pt | en | de |
Loosse mir eis zesumme voller Freed op dee Wee maachen
Wegweiser fir Ouschteren vum Tanja Konsbruck (21.04.2019)
Ouschteren – d‘Fest vun der Operstéiung vu Jesus Christus – ass dat wichtegst Fest vun de Chrëschten.
An der Ouschternuechtfeier sinn eng Rëtsch besonnesch an awer och festlech Momenter:
– Eng nei Ouschterkäerz gëtt geseent an um Ouschternuechtfeier ugefaangen. Dat Liicht gëtt feierlech an déi däischter Kierch eragedroen an un d‘Leit an der Kierch verdeelt. Dëst fannen ech ëmmer ee flotte Moment – déi kleng Flam vun der Ouschterkäerz verbreet sech an d‘Kierch gëtt lues a lues méi hell. A sech esou wéi d‘Liicht vun den Engelen am eidele Graf a wéi d‘Freed bei de Frae bei der Operstéiung vu Jesus Christus alles nees hell gemaach huet. Genee esou mécht d‘Ouschterkäerz déi däischter Ouschternuecht méi hell a weist eis, datt de Jesus operstanen ass.
– Alléluia. Am Gesank vum Alléluia gëtt d‘Freed vun der Ouschternuecht besonnesch ausgedréckt. An den alttestamentalesche Liesunge vun der Ouschternuecht gi mir un eis Wuerzelen erënnert: Dës Wuerzele leie ganz déif an der Geschicht a kommen eis an der Ouschternuechtfeier mat de Bibeltexter all Jar op en Neits an Erënnerung. Eng Liesung, déi mech do am Meeschte faszinéiert ass ganz kloer d’Geschicht vum Auszuch vum Vollek Israel aus Ägypten. (Ex 14, 15-15, 1) D’Vollek Israel war an der Sklaverei a gëtt op de Wee geschéckt an d’Fräiheet. Och mir sinn dacks ënnerwee – si gefaangen, sichen no Neits a ginn op eisem Liewenswee, genee wéi d‘Vollek Israel, op d‘Prouf gestallt.
Loosse mir eis all zesumme voller Freed op dee Wee maachen an déi éischterlech Freed vun der Operstéiung vun eiser Här Jesus Christus mateneen deelen a voller Freed elo den Alléluia sangen.
Iech all wënschen ech ee schéint Ouschterfest am Krees vun Äere Léiwsten.
Quell: wort.lu