lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Stroossen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 12. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Stroossen iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Strassen huet ënnert der Leedung vum Jeannine Mohr-Koenig gesongen, op der Uergel huet de Georges Jungbluth begleet.
Chorale Ste Cécile Strassen
D’Chorale Ste Cécile vu Stroossen ass e gemëschte Chouer, dee kierchlech a weltlech sengt. Am Moment zielt de Chouer 26 aktiv Memberen. Mir prouwen all Donneschden owes vun 20 bis 22 Auer am Porheem vis-à-vis vun der Kierch.
Parallel zum Erwuessenechouer besteet och e ganz dynamesche Kannerchouer, an deem am Moment 35 Kanner aktiv sinn ënner der Direktioun vum Caroline Medernach an hirem Pianist Jeff Schmidt.
D’Theaterequipe vun der Chorale féiert all Joer am Januar an am Februar e lëschtegt Theaterstéck op, wat ëmmer vill Leit unzitt, och aus de Nopeschgemengen.
Dirigentin ass d’Jeannine Mohr-Koenig. Pianist an Organist ass de Marc Schmidt.
Emailadresse: chorale@strassen.lu. Web: https://chorale-strassen6.webnode.com/
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Agangslidd | Adeste Fideles | |
---|---|---|
Kyrie | Kyrie | Jerry Estes |
Gloria | Les anges dans nos campagnes | |
Alleluja | Alleluia irlandais | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Let there be peace on earth | Sy Miller, Jill Jackson |
Sanctus | Schutzengelmesse | Alban Lipp |
Vater unser | Vater unser | Christian Heinrich Rinck |
Agnus Dei | Schutzengelmesse | Alban Lipp |
Kommuniounslidd | Come thou found of every blessing | |
Schlusslidd | Menschen die ihr wart verloren | LD 395 |
Chouer: Chorale Ste Cécile Strassen
Dirigentin: Jeannine Mohr-Koenig
Organist: Georges Jungbluth