Skip to main content Skip to page footer

Maria on Tour

D’Tréischterin op Besuch an den Altersheimer an der Stad

Déi éischt dräi Méint vum neie Joer stinn ënnert dem Motto «Maria on tour»: d’Tréischterin geet am ganzen aacht mol op Besuch an déi verschidden Altersheimer an der Stad. Wann d’Mënsche wéinst hirem Alter, hirer Krankheet oder hirer Behënnerung nët méi bei d’Tréischterin an d’Kathedral kënne kommen, da wëlle mir hinnen d’Méiglechkeet bidden, datt d’ Statu vun eiser Tréischterin bei si op d’Plaz kënnt.  Et sollen Nomëtteger vu Gebiet, Trouscht a Begéignung ginn, wou d’Bewunner an och d’Personal emotional a glécklech Momenter an hirem Glawen erliewen, zesumme sangen a bieden an de gudde Seege vum Härgott kréien.

Dënschdeg, de 14. Januar wor den éischten Nomëtteg. D’Tréischterin an hirer gliese Vitrinn ass mam Minibus vum Sales-Lentz (e ganz grousse Merci fir dës generéis Ënnerstëtzung vu «Maria on tour»!) am Hospice civil am Pafendall ukomm. An der Kapell vum fréiere Klouschter vun de Clarissinne gouf si opgestallt, iwwerdeems d’Pensionnären an d’Personal sech an de Bänken néiergelooss hunn.

Den Aumônier Patrick Schmit, de Paschtouer Tom Kerger an d’Pastoralreferentin Mireille Sigal hunn zesumme mat de Bewunner de Rousekranz gebiet an déi léif gutt al Muttergotteslidder gesongen, an zum Schluss huet de Paschtouer jidderee vun de Bewunner, deen dat gewënscht huet, individuell virum Gnodebild vun eiser Tréischterin geseent. Mat engem Souvenirsbildche vun der Tréischterin sinn d’Bewunner dunn no engem trouschträichen Nomëtteg an hiren Alldag zréck gaangen.

Merci fir den häerzlechen Accueil op der Plaz an déi déif Begéignungen, déi äis all geschenkt goufen!

«Maria on tour» geet elo weider. Bis Enn Mäerz geet d’Tréischterin nach op 7 weider Plazen op Besuch.

Helleg Maria, Tréischterin am Leed, biet fir äis!

Rezentes am Archiv

Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg

Votum Solemne am 10. Oktober 2026 um 15.00 Uhr in der Kathedrale

Niklos Expo 2026

Verlängert bis den 30. September zu Konsdref an der Kierch mat Programm fir Kanner oder Senioregruppen.

Visite apostolique du Pape Léon XIV à la cathédrale Saint-Étienne de Metz

Le diocèse sera présent à Metz le lundi 28 septembre 2026, avec LuxPélé.

Robert Schuman – un homme du 21e siècle

Conférence avec Jean-Claude Juncker sur le message de Robert Schuman sur l’Europe face aux défis du 21e siècle le 6 juillet 2026 à Howald.