Skip to main content Skip to page footer

Robert Francis Prevost: Papst Leo XIV

Habemus Papam ! Deo gratias ! Alléluia !

D’Kierch zu Lëtzebuerg begréisst d’Wiel vum Poopst Leo XIV.

Mat grousser Freed hu mir haut d’Noriicht vun der Wiel vum Kardinol Robert Francis Prevost OSA aus de Vereenegte Staate vun Amerika zum Poopst Leo XIV. an zum Bëschof vu Roum opgeholl.

Eist Gebiet soll hien duerch säi Pontifikat begleeden, besonnesch elo um Ufank vu senger grousser Missioun als 267. Nofollger vum Apostel Péitrus. Den Härgott soll him bäistoen op all senge Weeër a bei all sengen Entscheedungen. Als neien Hiert mam ganze Vollek Gottes ënnerwee soll den Hellege Geescht hie leeden a stäerke bei allen Erausfuerderungen an der Welt an an der Kierch. Mat Vertrauen an Hoffnung wëlle mir grad am Hellege Joer 2025 dem neie Poopst eisen déiwe Respekt ausdrécken an him eis Ënnerstëtzung als Chrëschten zu Lëtzebuerg zousécheren.  

Als Ausdrock vun eiser Dankbarkeet solle muer Freideg um 12.15 Auer d’Klacke vun de Kierchen a Kapellen uechter d’Land wärend zéng Minutte feierlech lauden. An alle Masse vun dësem Sonndeg a wärend der Muttergottesoktav wëlle mir besonnesch fir de Poopst Leo XIV. bieden a säi Wierken als Hiert a Bréckebauer Maria, eiser Patréinesch vu Stad a Land, uvertrauen. 

Lëtzebuerg, den 8. Mee 2025

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg


Habemus Papam, die historische Formel wurde vom Kardinalprotodiakon Dominique Mamberti um 19:15 Uhr an diesem Donnerstag, dem 8. Mai 2025, dem Fest der Rosenkranzkönigin, auf der Loggia des Petersdoms verkündet. Vor Ort oder über Fernsehen und Internet empfingen Gläubige auf der ganzen Welt den ersten Segen Urbi et Orbi, der Stadt und der Welt, von Leo XIV.

In den kommenden Tagen werden wir unseren neuen Heiligen Vater kennenlernen. Wenn wir zu ungeduldig sind, können wir unsere Neugier in Gebete für den Nachfolger Petri, den Diener der Diener Gottes, verwandeln. Und wir können die Oktave nutzen, die am kommenden Samstag beginnt, um den Papst und die Kirche der Trösterin der Betrübten anzuvertrauen.

Rezentes am Archiv

Jahrestag der Erwählung der Trösterin der Betrübten zur Patronin der Stadt Luxemburg

Votum Solemne am 10. Oktober 2026 um 15.00 Uhr in der Kathedrale

Niklos Expo 2026

Verlängert bis den 30. September zu Konsdref an der Kierch mat Programm fir Kanner oder Senioregruppen.

Visite apostolique du Pape Léon XIV à la cathédrale Saint-Étienne de Metz

Le diocèse sera présent à Metz le lundi 28 septembre 2026, avec LuxPélé.

Robert Schuman – un homme du 21e siècle

Conférence avec Jean-Claude Juncker sur le message de Robert Schuman sur l’Europe face aux défis du 21e siècle le 6 juillet 2026 à Howald.